Déjà Vu
John Lennon - Imagine
0 min
Dem Lennon säi Release huet méi wéi de kulteschen Titelsong ze bidden. De Museker seet sech inspiréiert vun der Fra u senger Säit, der Yoko Ono a geet mat prominente Gäscht an de Studio, dorënner säi fréiere Bandkolleeg George Harrison. Den Titelsong vum Album - d'Lidd fir eng besser an harmonesch Welt - ass bis haut Kult bliwwen, mee op "Imagine" gëtt et méi ze entdecken: vill Gesellschaftskritk, d'Politik kritt es, an engem Lidd geet et ëm d'Bezéiung Lennon/McCartney (alles anescht wéi gutt!) ...
Den John Lennon gëtt den 8. Dezember 1980 zu New York erschoss. Säi Mäerder sot, hien hätt sech ë. a. um Text vun "Imagine" gestéiert. De Fred Medernach erënnert nach emol un dësen Album.