VaLibrairie
Déi wonnerbar VaLibrairie
0 min
Eng bësse méi speziell Emissioun: keen Interview a keng Invitéë bei eis, mir konzentréieren eis just a ganz op nei Publikatiounen um Lëtzebuerger Bichermaart. D'Kerstin Thalau, de Michel Delage an d'Valerija Berdi hunn déi leescht Deeg bal soss näischt gemaach wéi ze liesen. Eise Choix ass dann op véier Bicher gefall, déi mir am Detail zerplécken.
Dat sinn: Nora Wagener: "Was habe ich verpasst." Kuerzgeschichten, déi bei Editions Binsfeld erauskomm.
E weidert Buch mat Kuerzgeschichten, dat bei Binsfeld erauskoum: dem Guy Rewenig säin: "Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk."
Dann hu mer nach dem Gast Groeber säin "Nuetsfuerer" aus dem Verlag op der Lay an als véiert a lescht Buch, der Maryse Krier hire "Königskinder" - Imprimerie Centrale.
Episoden

Live vun de Walfer Bicherdeeg
Invitéen aus der Literaturzeen, ë. a. all d'Laureatinne vum Lëtzebuerger Buchpräis an hir Vertrieder vun den Editiounshaiser

Margret Steckel
D'Laureatin vum Batty-Weber-Präis 2023 huet d'Wuert

Embarquez à bord du Belem
mat Fotograf Philippe Matsas gi mer op ee vun den eelsten Dräimasten
Déi wonnerbar VaLibrairie
E Gespréich mam Jean Portante a Bespriechunge vun neie Bicher vum Roland Meyer a Pierre Joris
Déi wonnerbar VaLibrairie
E Gespréich mam Jean Portante a Bespriechunge vun neie Bicher vum Roland Meyer a Pierre Joris
A:LL
Steet déi bosseg Ofkierzung fir en neit Zaubermëttel? An Zukunft sollen domat all Zäit d'Interessie vun de Lëtzebuerger Schrëftsteller:inne méi konkret a konsequent vertruede ginn.
A:LL
Steet déi bosseg Ofkierzung fir en neit Zaubermëttel? An Zukunft sollen domat all Zäit d'Interessie vun de Lëtzebuerger Schrëftsteller:inne méi konkret a konsequent vertruede ginn.
De Servais-Präis 2023 - Mord, Korruptioun a gutt Literatur
Eng Episod, déi sech ronderëm dem Jérôme Quiqueret säi Buch "Tout devait disparaître." dréit.
De Servais-Präis 2023 - Mord, Korruptioun a gutt Literatur
Eng Episod, déi sech ronderëm dem Jérôme Quiqueret säi Buch "Tout devait disparaître." dréit.

Hommage un d'Anise Koltz
Den 1. Mäerz 2023 huet eis d'Poetin Anise Koltz verlooss

Hommage un d'Anise Koltz
Den 1. Mäerz 2023 huet eis d'Poetin Anise Koltz verlooss
Renéee Wagener, Jean Portante a James Leader
"La littérature est la preuve que la vie ne suffit pas", seet de Jean Portante a sengem neie Roman "Une dernière fois, la Méditerranée". U sech ass domat alles gesot, oder awer net?

Diskussioune ronderëm d'Buch an all senge Formen
Réckbléck op d'Buchassisen a Bespriechung vu "Schnatt" vum Guy Rewenig an der Anthologie "This Hard Minett Land"
Diskussioune ronderëm d'Buch an all senge Formen
Réckbléck op d'Buchassisen a Bespriechung vu "Schnatt" vum Guy Rewenig an der Anthologie "This Hard Minett Land"
VaLibrairie live vun de Walfer Bicherdeeg
E komplexe Bléck op d'Aline Mayrisch
Mir begéinen zwou "Grandes Dames", der Aline Mayrisch an hierer Biografin Germaine Goetzinger.
E komplexe Bléck op d'Aline Mayrisch
Mir begéinen zwou "Grandes Dames", der Aline Mayrisch an hierer Biografin Germaine Goetzinger.

Literatur, déi reest ...
Literaresch Renconteren um Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo