Musek am Gespréich
Eng Uergel gëtt renovéiert
60 min
Den Ament (Januar 2022) ginn déi grouss Päife vun der Uergel an der Kathedral restauréiert. Et ass eng vun enger ganzer Rei Aarbechten, déi néideg si fir d'Instrument nees op Vordermann ze bréngen. Viru ronn annerhallwem Joer huet déi aktiv Phas vun dëser Renovatioun ugefaangen, déi de radio 100,7 zanterhier suivéiert.
De Luc Boentges léisst déi verschidde Chantieren, déi bis ewell néideg waren, Revue passéieren. Et geet ëm den Zoustand vun der Uergel virun der Renovatioun, ëm d'Geschicht vum Instrument, d'Aarbechten um Ducksall an och den aktuelle Schantjen.