Deep Blue versus Garry Kasparov, esou titelt eng Koppel vu sechs Schachspiller tëschent dem Garry Kasparov an dem Super Computer mam Numm Deep Blue. Deen éischte Match - Kasparov géint Deep Blue - ass 1996 zu Philadelphia gespillt ginn, an de Kasparov huet dee gewonnen. Du koum de sougenannte Rematch 1997 zu New York; do huet Deep Blue gewonnen.
Den Inventeur vum Projet war de Feng hsiung Hsu - en amerikaneschen Informatiker a Schach-Expert mat taiwanesche Wuerzelen. Deemools huet hie mat der Entwécklung vun engem integréierte Chip op engem Zuch-Generator un der Carnegie Mellon Univesity zu Pittsburgh ugefaangen an huet dann dem fäerdege System den Numm Deep Thought ginn - als Referenz un de Computer am Roman "The Hitch Hikers Guider Through the Galaxy" vum Douglas Adams. Domadder huet hien op sech opmierksam gemaach an huet 1989 IBM integréiert. Aus senger Aarbecht iwwer Parallel-Rechnungen ass de Super Computer Deep Blue gebuer.