Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Dem Roger Waters (6.9.1943) säin Duebelalbum "In The Flesh" proposéiert Opnamen, déi ronderëm de Globus an de Joren 1999, 2000 an 2002 realiséiert goufen. E gudden Deel vum Repertoire besteet aus fréiere Pink Floyd-Lidder. 1984 hat de Waters mat "The Pro And Cons of Hitchhiking" säin éischt Solowierk erausbruecht, sechs Joer duerno sollt de weltwäiten Erfolleg mat "The Wall - Live In Berlin" kommen. Fir d'"In The Flesh"-Tour gouf de Museker als "Roger Waters - the creative genius of Pink Floyd" annoncéiert.

1985 war et zur Trennung mat der Band komm - eng wou d'Affekoten eréischt zwee Joer duerno eng Eenegung tëschent dem Waters a senge fréiere Matmuseker fonnt hunn. Speziell d'Relatioun mam David Gilmour war jorelaang net déi allerbescht, méi spéit huet ee sech allerdéngs nees verdroen. Zitat Roger Waters: "It was a bad, negative time, and I regret my part in that negativity".

D'Playlist:


Mojave 3 - Big Star Baby (Puzzles Like You, 2006)
Quicksilver Messenger Service - The Truth (Quicksilver, 1971)
Ten Years After - Love Like A Man (Cricklewood Green, 1970)
Roger Waters - Comfortably Numb live (In The Flesh, 2003)
Roger Waters - Wish You Were Here live (In The Flesh, 2003)
Drugstore - I Know I Could (White Magic For Lovers, 1998)
Nina Hagen Band - Naturträne (Nina Hagen Band, 1978)
Garbage - Only Happy When It Rains (Garbage, 1995)
Yes - Roundabout (Fragile, 1971)
Turin Brakes - Long Distance (Ether Songs, 2003)
The Beatles - Blackbird (The Beatles aka White Album, 1968)

Musek

Episoden

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow