Radioen

On air

Notturno  |  Flavien Berger - Brutalisme

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ Mer bauen eis eng Lavaluucht!

Mer bauen eis eng Lavaluucht!

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Salut Kanner, et ass nees Zéit fir iech hei um radio 100,7.Eier mer bei d'Experiment kommen datt de Jean Claude Majerus an der Jospeh Rodesch iech haut proposéieren, nach dat leiten. Also moar um Sonndeg, den 13 Mäerz ass Nationalfeierdag am Vatikan. de Vatikan ass dat kleng Land, kann ee soen, matten a Roum, wou de Poopst wunnt, an wou mat him am ganzen just ëm déi dausend Mënschen liewen.


Wat awer elo besonnesch ass um Nationalfeierdag am Vatikan, bei eis ass dat jo schonn zanter langem ëmmer den 23 Juni, abee am Vatikan kann de Nationalfeierdag wiesselen.


En ass nämlech ëmmer op deem Datum wou den aktuelle Poopst gewielt gouf. Den Ament ass den Argentinier Jorge Mario Bergoglio Poopst, an hien huet sech den Numm Francois den éischte ginn, a well hien den 13 Mäerz 2013 als Poopst gewielt gouf, ass zanter hir de 13 Mäerz Nationalfeierdag am Vatikan. Esou laang bis nees en neie Poopst gewielt gëtt.


Sou elo dann awer bei eis Experiment vun haut wat sech zimmlech waarm unhéiert, de Jean Claude an de Joseph, de Mister Science erzielen eis wéi ee sech kann eng Lavaluucht bauen.


Hei ass de Link fir dëst Experiment dann och op science.lu ze kucken: https://www.science.lu/de/eruption-im-wasserglas/baue-deine-eigene-lava-lampe

Episoden

Marie an d'Knetzelwonner

Marie an d'Knetzelwonner

D'Marie huet nom Schwammen lauter Knetzelen an den Hoer. Grad elo wann dach d'Bomi op Besuch kënnt!
headphones

6 min

play_arrow
De Mukami an dat komescht Iwwerraschungsee

De Mukami an dat komescht Iwwerraschungsee

De Mukami feiert Ouschteren! Mee wat genee ass dat?
headphones

28 min

play_arrow
De Pol ass de Klassebeschten

De Pol ass de Klassebeschten

Beim Pauline a beim Liss hirer Geschicht geet et ëm de Pol, dee Klassebeschten ass.
headphones

2 min

play_arrow
De Gepard an d’Fauldéier

De Gepard an d’Fauldéier

Bei dëser Geschicht vum Max a Bamba stinn de Gepard an d’Fauldéier am Mëttelpunkt. An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht!
headphones

3 min

play_arrow
Dem Léif seng Rees

Dem Léif seng Rees

De Philippe an de Charles erzielen d’Geschicht vum Léif a senger Rees. Vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht!
headphones

6 min

play_arrow
De Panda Club mécht aus Naturgeräischer Musek

De Panda Club mécht aus Naturgeräischer Musek

D’Kanner vum Panda Club hunn zesumme mam Axel Hochkirch, Wëssenschaftler am natur musée, en Déier, dat e ganz bestëmmtent Geräisch mécht, ënnersicht fir erauszefannen, wéi déi Déieren dës Geräischer maachen an och firwat.
headphones

9 min

play_arrow
D’Sich no Frënn

D’Sich no Frënn

D’Kanner vum Panda Club aus dem natur musée waren nees aktiv a si hu sech zesummegesat an dir nees ganz flott Geschichten ausgeschafft a geschriwwen.
headphones

6 min

play_arrow
Déieren halen zesummen

Déieren halen zesummen

D’Kanner vum Panda Club aus dem natur musée proposéieren eng weider ganz flott Geschicht
headphones

4 min

play_arrow
De Schnéileopard a säin neie Frënd

De Schnéileopard a säin neie Frënd

Den Alex an de Loki hu sech eng Geschicht iwwer e Schnéileopard, deen en neie Frënd fënnt, ausgeduecht.
headphones

5 min

play_arrow
Der Nonna Rosa hire legendäre Valentinsdag

Der Nonna Rosa hire legendäre Valentinsdag

De Jos, eise léiwe Lausbouf, ass déi Kéier komplett op Vältesdag fixéiert, fir der Nonna Rosa eng riseg Iwwerraschung ze maachen.
headphones

41 min

play_arrow
Dem Mukami säin onvergiessleche Vältesdag

Dem Mukami säin onvergiessleche Vältesdag

De Pit ass amgaange sech fäerdeg ze maache fir Vältesdag an de Kino ze goen, awer net mam Mukami. Doriwwer ass de Mukami guer net frou. Da feiert en eben säin eegent Vältesdingsifest!
headphones

26 min

play_arrow
De Päiperleksclodi

De Päiperleksclodi

Wéi schéin wier et dach nëmmen esou fléien ze kënnne wéi de Päiperlek, denkt sech de Clodi voller Bewonnerung fir dat klengt Déierchen, wéi et viru seng Nues flitt. Sollt säi Wonsch sech dann elo verwierklechen?
headphones

6 min

play_arrow
Déi gro Kaz an déi geheimnisvoll Dier

Déi gro Kaz an déi geheimnisvoll Dier

Eng aarm Stroossekaz ouni Numm ass op der Sich no enger waarmer Schlofplaz un engem kale Wanterdag. Si entdeckt eng geheimnisvoll Dier an engem alen Eechebam am Bësch. Wat kéint sech do hannendrun verstoppen?
headphones

7 min

play_arrow
Wantergeschicht: Dem Här a Madamm Schouster hire schéinste Chrëschtdag

Wantergeschicht: Dem Här a Madamm Schouster hire schéinste Chrëschtdag

Am Dan Tanson senger Wantergeschicht, déi der elo kënnt lauschteren, geet et ëm Schong. Well, wien ass dat, deen dem Här a Madamm Schouster déi schéinste Puer Schong bitzt?
headphones

19 min

play_arrow
Wantergeschicht: De Metty Wollef

Wantergeschicht: De Metty Wollef

An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir Iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Metty Wollef.
headphones

7 min

play_arrow
Wantergeschicht: Den éischte Schnéi

Wantergeschicht: Den éischte Schnéi

D’Wantergeschicht vum Dan Tanson, déi dir elo an der 100,7-Kannerkëscht kënnt lauschteren, heescht “Den éischte Schnéi”.
headphones

6 min

play_arrow
Dem Bop seng Moulen

Dem Bop seng Moulen

An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren.
headphones

8 min

play_arrow
Et tockt beim Wanja an der Nuecht

Et tockt beim Wanja an der Nuecht

An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren.
headphones

9 min

play_arrow
De Roude Kueder

De Roude Kueder

An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Roude Kueder.
headphones

13 min

play_arrow
D’Iess-Course

D’Iess-Course

An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech och e puer Déieregeschichten, déi den Dan Tanson fir iech realiséiert huet. An dëser Geschicht geet et ëm eng Iess-Course.
headphones

9 min

play_arrow