Musek am Gespréich
De Roby Schiltz
60 min
2019/2020 sollt de Chouer "Ambitus" vun Iechternach säi 50. Anniversaire feieren. D'Festivitéiten hu sech wéinst der Pandémie bis 2022 gezunn. Grënner an Dirigent bis haut ass de Roby Schiltz. De Roby Schiltz huet Gesang a Chouerdirektioun am Stater Conservatoire an zu Köln op der Musekshéichschoul studéiert. Vu Beruff war hie Schoulmeeschter zu Waasserbëlleg. De Roby Schiltz ass een intime Kenner vun der Chouerzeen zu Lëtzebuerg. Mir schwätze mat him iwwert säi musikalesche Parcours an och iwwert d'Situatioun vun de Chéier.