Ass et e Solo-Album vum Iggy Pop oder dach éischter eng gemeinschaftlech Saach vun him an dem David Bowie? Deen ass Produzent, Co-Auteur vu sämtleche Lidder, bréngt Museker aus senger Band mat, ass selwer op verschiddenen Instrumenter aktiv an och den Touningenieur Tony Visconti ass e Choix vum Bowie.
"The Idiot" kéint ee schonn als Virleefer vum Englänner senger Berlin-Trilogy bezeechnen, wien den Album opleet ass net wäit vum Bowie-Album "Low" ewech, deen direkt duerno produzéiert gëtt.
De Fred Medernach léisst den Iggy-Debut nach emol Revue passéieren ...