Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Arno in concert

Arno in concert

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Arno - deen "anere roi des Belges" ass dout, wéi et an enger Zeitung bei eisem Noper geheescht huet: de leschte Samschdeg ass mam Arno Hintjens eng vun de markantste Figuren aus der belscher Rock- a Chansonzeen am Alter vun 72 Joer verstuerwen.

Virun dräi Joer hat de Sänger a Komponist seng Erkrankung u Bauchspeichel-Kriibs bekannt ginn. Hien ass bis an de Mäerz vun dësem Joer eran opgetrueden, zum Schluss uerg vun der Krankheet gezeechent.

Ee vu senge leschte Concerten gouf dësen 12. Januar 2022 vum flämesche Radio VRT opgeholl, am Kader vun deem sengen Radio 1 Sessies am Studio zu Bréissel. Et ass och dëse Live, dee mir Iech proposéieren - en Optrëtt, deen eis vun der EBU, der European Broadcast Union zur Verfügung gestallt gouf. E weist den Arno, wéi hien zanter 1970 Musek gemaach huet: mol roueg, duuss a poetesch, mol rockeg, haart a provokant ...

D'Playlist ass dës:


Solo Gigolo (Studioalbum: Charles Ernest, 2002)
Elle adore le noir (T.C.Matic, YéYé, 1985)
Lonesome Zorro (Ratata, 1990)
Quelqu'un a touché ma femme (Brussld, 2010)
Give me the gift (Idiots Savants, 1993)
Les yeux de ma mère (A la française, 1995)
Lady alcohol (Santeboutique, 2019)
Ratata (Ratata, 1990)
Parrot Brigade (T.C.Matic, 1981)
Meet the freaks (Arno & the Subrovnicks, Water, 1994)
Funky you're not (Idiots Savants, 1993)
Oh la la la (T.C.Matic, 1981)
Putain, putain (T.C.Matic, Choco, 1983)
Ha ha (T.C.Matic, Choco, 1983)
Whoop that thing (Ratata, 1990)
Les filles du bord de mer (Studio-Opnam)

Musek

Episoden

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow