Musek ass am Fong eng Sprooch, déi jiddwereen versteet, et kann ee soen et ass eng universell Sprooch. An da beim Theater schwätzt ee jo gäre vun de Brieder déi Welt bedeiten, well et wuel näischt méi Schéines gëtt, wéi op enger Bün ze stoen a sech do auszedrécken, sief dat mat der Sprooch oder ebe mat der Musek. A genee dat ass dem Script och wichteg, an dofir hu si d'Projete "Mer maachen Musek" oder "Maach keen Drama". De Jean Paul Majerus, Coordinateur vu Mimamu ass beim Jean Claude Majerus am Studio fir iech méi doriwwer ze verzielen.
arrow_back_ios
Kannerkëscht
Musek an Theater
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden

Marie an d'Knetzelwonner
D'Marie huet nom Schwammen lauter Knetzelen an den Hoer. Grad elo wann dach d'Bomi op Besuch kënnt!

De Mukami an dat komescht Iwwerraschungsee
De Mukami feiert Ouschteren! Mee wat genee ass dat?

De Pol ass de Klassebeschten
Beim Pauline a beim Liss hirer Geschicht geet et ëm de Pol, dee Klassebeschten ass.

De Gepard an d’Fauldéier
Bei dëser Geschicht vum Max a Bamba stinn de Gepard an d’Fauldéier am Mëttelpunkt. An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht!

Dem Léif seng Rees
De Philippe an de Charles erzielen d’Geschicht vum Léif a senger Rees. Vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht!

De Panda Club mécht aus Naturgeräischer Musek
D’Kanner vum Panda Club hunn zesumme mam Axel Hochkirch, Wëssenschaftler am natur musée, en Déier, dat e ganz bestëmmtent Geräisch mécht, ënnersicht fir erauszefannen, wéi déi Déieren dës Geräischer maachen an och firwat.

D’Sich no Frënn
D’Kanner vum Panda Club aus dem natur musée waren nees aktiv a si hu sech zesummegesat an dir nees ganz flott Geschichten ausgeschafft a geschriwwen.

Déieren halen zesummen
D’Kanner vum Panda Club aus dem natur musée proposéieren eng weider ganz flott Geschicht

De Schnéileopard a säin neie Frënd
Den Alex an de Loki hu sech eng Geschicht iwwer e Schnéileopard, deen en neie Frënd fënnt, ausgeduecht.

Der Nonna Rosa hire legendäre Valentinsdag
De Jos, eise léiwe Lausbouf, ass déi Kéier komplett op Vältesdag fixéiert, fir der Nonna Rosa eng riseg Iwwerraschung ze maachen.

Dem Mukami säin onvergiessleche Vältesdag
De Pit ass amgaange sech fäerdeg ze maache fir Vältesdag an de Kino ze goen, awer net mam Mukami. Doriwwer ass de Mukami guer net frou. Da feiert en eben säin eegent Vältesdingsifest!

De Päiperleksclodi
Wéi schéin wier et dach nëmmen esou fléien ze kënnne wéi de Päiperlek, denkt sech de Clodi voller Bewonnerung fir dat klengt Déierchen, wéi et viru seng Nues flitt. Sollt säi Wonsch sech dann elo verwierklechen?

Déi gro Kaz an déi geheimnisvoll Dier
Eng aarm Stroossekaz ouni Numm ass op der Sich no enger waarmer Schlofplaz un engem kale Wanterdag. Si entdeckt eng geheimnisvoll Dier an engem alen Eechebam am Bësch. Wat kéint sech do hannendrun verstoppen?

Wantergeschicht: Dem Här a Madamm Schouster hire schéinste Chrëschtdag
Am Dan Tanson senger Wantergeschicht, déi der elo kënnt lauschteren, geet et ëm Schong. Well, wien ass dat, deen dem Här a Madamm Schouster déi schéinste Puer Schong bitzt?

Wantergeschicht: De Metty Wollef
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir Iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Metty Wollef.

Wantergeschicht: Den éischte Schnéi
D’Wantergeschicht vum Dan Tanson, déi dir elo an der 100,7-Kannerkëscht kënnt lauschteren, heescht “Den éischte Schnéi”.

Dem Bop seng Moulen
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren.

Et tockt beim Wanja an der Nuecht
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren.

De Roude Kueder
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Roude Kueder.
