Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

"Kicking Television: Live In Chicago" vu Wilco koum am November 2005 eraus, am Fréijoer ware véier Showen an hirer Heemechtsstad opgeholl ginn aus deenen ee bal zwou Stonne laangen Duebelalbum mat 23 Lidder entstanen ass. D'Band ëm de Mastermind/Songwriter Jeff Tweedy hat dës Optrëtter och filme gelooss, de geplangten an erhofften DVD/Blue Ray sollt awer net op de Maart kommen.

Wilco gëllt als Pionéier vum typesch amerikaneschen alternative Country Rock, scho mam Virgänger Uncle Tupelo hat den Tweedy dëse Wee ageschloen. De Repertoire op dësem Live geet vu rouege Balladë voller Poesie a Melancholie bis zu säftegem Gittarerock, mat "Spider" gëtt et eng iwwerlaang kraut-inspiréiert Nummer, de Klassiker "Via Chicago" ass Noise vum Feinsten. An de Publikum steet bei all Track voll derhannert ...

D'Playlist vun haut:


Silver Jews - Suffering Jukebox (Lookout Mountain, Lookout Sea, 2008)
Mercury Rev - Holes (Deserter's Song, 1998)
Mercury Rev - Goddess On A Hiway (Deserter's Song, 1998)
Chris Hillman - Take It On The Run (Slippin' Away, 1976)
Julie Driscoll - Season Of The Witch (Open, 1967)
Lambchop - Slipped, Dissolved And Loosed (Oh, 2008)
Wilco - Handshake Drugs (Kicking Television: Live In Chicago, 2005)
Wilco - Company In My Back (Kicking Television: Live In Chicago, 2005)
Wilco - Jesus Etc. (Kicking Television: Live In Chicago, 2005)
Grateful Dead - Touch Of Grey (single, 1987)
It's A Beautiful Day - Lost In Paradise (Beyond Dreams, 2013)
Joni Mitchell - The Windfall (Night Ride Home, 1991)

Musek

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow