Radioen

On air

Simon Says  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

De Leif de Leeuw, 1995 zu Eindhoven gebuer, huet scho mat 15 Joer éischt Gittarepräisser an Holland gewonnen. Als grousse Fan vun den Allman Brothers huet d'Leif de Leeuw Band der amerikanescher Jamformatioun 2019 e ganzen Duebelalbum dediéiert, deen och an dëser Emissioun am Asaz ass. "Live In Concert" (2018) ass eng weider Opnam viru Publikum. Bis ewell hunn d'Hollänner sechs Releasen erausbruecht, si waren och schonn hei am Land um Blues an Jazz Rallye ze erliewe mat hirem Mix aus Blues, Rock, Soul a Funk.

Deemools war deen anere Band-Gittarist a Sänger Sem Jansen nach als Britt Janssen derbäi. Hien ass Transgender an huet sech agesat, datt deen éischten Album vun der Leif de Leeuw Band den Titel "Leelah" krut. Et ass en Hommage un d'Leelah Alcorn - gebuer als Joshua Ryan Alcorn -, eng 17 Joer jonk Transgender-Fra, déi sech 2014 am US-Bundesstat Ohio d'Liewe geholl huet. Och um Album "Until Better Times" (2018) gräift d'Band d'Thematik mam Lidd "Dysphoria" op.

D'Playlist:


Webb Wilder - My Mind's Eye (Town & Country, 1995)
Ex Hex - Waterfall (Rips, 2013)
Superchunk - Can't Stop The World (Cover, 2020)
Shonen Knife - Sheena Is A Punkrocker (Osaka Ramones, 2011)
Continental Drifters - Meet On The Ledge (In The Beginning & Beyond, 2015)
The Dolly Rocker Movement - The Only One (Our Days Mind The Tyme, 2010)
Leif de Leeuw Band - Ain't Wastin' Time No More (live) (Tribute To The Allman Brothers Band, 2019)
Leif de Leeuw Band - Ramblin' Man (live) (Tribute To The Allman Brothers Band, 2019)
Leif de Leeuw Band - Fire In The Kitchen (live) (Live In Concert, 2018)
Jerry Garcia - After Midnight (live) (After Midnight: Kean College 2/28/80, 1980)
The Stems - Mr. Misery (At First Sight, Violets Are Blue, 1987)
The Pandamonium - I Know You (The Unreleased, 2004)
Ashton, Gardner & Dyke - Resurrection Shuffle (single, 1970)

Musek

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow