Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

D'Stranglers goufen 1974 zu Guilford am englesche Südoste gegrënnt, dräi Joer méi spéit koum hiren éischten Album eraus. D'Band besteet bis haut, vun de Grënnungsmemberen ass awer just nach de Bassist Jean-Jacques Burnel derbäi. De Keyboarder Dave Greenfield huet nach um bis ewell leschten Album "Dark Matters" matgeschafft, d'Sortie huet hien awer net méi materlieft. D'Stranglers hunn deem am Mee 2020 verstuerwene Museker um Release den Titel "And If You Should See Dave" dédiéiert.

Bei de musikalesch Genren, déi mat de Stranglers genannt ginn, geet et vu Punk iwwer Rock bis New Wave - eben dee Sound, dee Mëtt/Enn de Siwwenzeger Joren ugesot war, an deem d'Grupp trei bliwwen ass. Offiziell ginn net manner wéi 16 Live-Albumen zanter 1979 an hirer Diskographie opgeféiert.

D'Band ass den 10. Oktober am Hollerecher Atelier ze erliewen.

D'Playlist:


Leslie West - Boom Boom (Blues To Die For, 2003)
Manassas - Witching Hour (Pieces, 2009)
Blue Cheer - Pilot (The Original Human Being, 1970)
Vinegar Joe - (Proud To Be A) Honky Woman (The Old Grey Whistle Test, 1973)
R.L.Burnside - It's Bad You Know (Come On In, 1998)
John Kongos - He's Gonna Step On You Again (single, 1971)
The Stranglers - No More Heroes (live) (All Live And All Of The Night, 1988)
The Stranglers - Always The Sun (live) (All Live And All Of The Night, 1988)
The Stranglers - Toiler On The Sea (live) (All Live And All Of The Night, 1988)
The West Coast Pop Art Experimental Band - Smell Of Incense (single, 1968)
Linn County - TV Tree (Till The Break Of Dawn, 1970)
The Steampacket - Cry Me A River (The First Supergroup, 1979)
Canned Heat - On The Road Again (Boogie With Canned Heat, 1968)

Musek

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow