Radioen

On air

Espresso Beats  |  Quantic Presenta Flowering Inferno - Cumbia Sobre el Mar

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

De Graham Parker, 1950 zu London gebuer, ass Mëtt de Siwwenzeger zesumme mat Leit wéi Elvis Costello, Joe Jackson, Nick Lowe oder Dr. Feelgood op Tour gaangen. Déi éischt Placke mat senger Band The Rumour kruten exzellent Kriticken - mee d'Venten hunn ufanks den Achtzeger nogelooss, an et gouf méi roueg ëm de Museker.

Der Wäert ze lauschteren an ze liese sinn dem Graham Parker seng bësseg, kritesch an heiansdo verbattert Texter, an deenen hie gesellschaftlech Mëssstänn ("Saturday Nite is Dead"), d'Kierch ("Hey Lord Don't Ask me Questions") oder de Schoulsystem doheem an England (Back to Schooldays) op de Leescht hëlt.

"New York Shuffle" ass eng méi rockeg Nummer aus dem erfollegräichen 1977er Album "Stick To Me", grad wéi "I'm Gonna Tear your Playhouse Down". Dëst Stéck huet hien 2017 nach emol mat der brittescher Soul/Jazz-Formatioun Stone Foundation nei agespillt. Och de Paul Weller war hei mat engagéiert.

D'Playlist:


Teenage Head - Let's Shake (Frantic City, 1980)
B-52's - Funplex (Funplex, 2008)
Southern Culture On The Skids - 40 Miles To Vegas (Plastic Seat Sweat, 1997)
Love Tractor - Beatle Boots (This Is No Outerspace Ship, 1986)
Blondie - (I'm Always Touched By Your) Presence Dear (Plastic Letters, 1977)
The Go Go's - La La Land (God Bless The Go Go's, 2001)
Martha & the Muffins - Women Around The World (This Is The Ice Age, 1981)
Graham Parker - Hey Lord Don't Ask Me Questions live (The Parkerilla, 1980)
Graham Parker - New York Shuffle live (The Parkerilla, 1980)
Graham Parker - Soul Shoes live (The Parkerilla, 1980)
The Bootleggers feat. Mark Lanegan - White Light/White Heat (OST Lawless, 2012)
The Hangmen - What A Girl Can Do (Monument, 1965)
The Smithereens - Shakin' All Over (Covers, 2018)
Plan 9 - Step Out Of Time (USA, 1984)
Teenage Head - Picture My Face (Frantic City, 1980)
Oranger - Mr. Sandman (OST Stubbs The Zombie, 2005)
The Rivieras - California Sun (single, 1964)


btw: d'Debbie 'Blondie' Harry - biergerleche Numm: Angela Trimble - kritt der haut 77!

Musek

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow