Radioen

On air

Notturno  |  Triana Y Luca - Aguamarina

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Pierre Nimax Jr.: "Musek ass Kommunikatioun a Spaass"

Pierre Nimax Jr.: "Musek ass Kommunikatioun a Spaass"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Uergelmusek, Dirigéieren, Komponéieren: dat sinn déi dräi Pilieren, op déi dem Pierre Nimax Jr. säi musikalescht Liewen - oder iwwerhaapt säi Liewen - opgebaut ass.

De Pierre Nimax Junior schafft als Professer fir Kierchemusek an Uergel am Stater Conservatoire. Hien ass als Uergelsolist vill gefrot a komponéiert fir d'Uergel an Chouer.

1993 gouf de Bouwechouer Pueri Cantores gegrënnt, feiert also geschwënn säin 30. Anniversaire. Responsabel fir de Chouer, deen haut en Deel vum Stater Conservatoire ass, ass zanter dem Ufank de Pierre Nimax a seng Fra d'Marie-Reine Nimax-Weirig.

Musek huet dozou gehéiert

Wann de Pierre Nimax elo zeréckdenkt, da war an ass Musek bei hinnen eppes ganz Normales. Wéi aner Leit spadséiere ginn oder an d'Vakanz fueren, gouf bei der Famill Nimax musizéiert. Seng Schwëster, seng Mamm, säi Papp, déi zwee Grousspäpp an och d'Monnien hunn alleguerte Musek gemaach


"Musek maachen ass einfach eng Form vu Kommunikatioun, vu Spaass, haut huet ee vläicht eng Playstation, wou een domat spillt, mir haten e Piano, herno hate mer eng Uergel, wou een domat gespillt huet. An de Begrëff "Spillen" ass jo e schéine Begrëff. (..) De Spaassfaktor ass wichteg, d'Erliefnis ass wichteg, d'Entdecke vu Saachen ass wichteg, dat geet dann iwwer d'Ouer, de Bauch a gottseidank ass de Repertoire vun der Musek esou riseg."


Bei deem Ganzen ass awer och ëmmer Zäit bliwwen: wat ee jo als Kand gär mécht, fir op d'Beem ze klammen.


"Op jiddwer Fall, spillen a spillen a spillen. Et ass ee gudde Mix vun deem, wat kreativ ass. Well et muss een d'Kreativitéit fërderen andeems ee kuckt, wat beim Kand méi déif sëtzt a wat manner déif sëtzt."


"Wann d'Kanner vun de Kanner vun de Kanner kommen"

De Pierre Nimax Jr. ass zanter 30 Joer, zanter der Grënnung, Matresponsabel fir de Bouwechouer Pueri Cantores. Et ass schonn eng Freed, wann een no där laanger Zäit gesäit, datt den Interessi nach ëmmer do ass, an datt ewell schonn d'Kanner vun deenen, wou virun drësseg Joer ugefaangen hunn, am Chouer derbäi sinn.


"Dat sinn elo d'Bouwe vun de Bouwen. Do sot och den Heinz Hennig (Grënner vum Knabenchor Hannover) ëmmer: Wann elo d'Kanner vun de Kanner vun de Kanner do sinn, dann ass et héich Zäit opzehalen. Mee de Kontakt ass ëmmer bliwwen."

Musek
Politik a Gesellschaft

Episoden

Jean  Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
headphones

58 min

play_arrow

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow

Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun

D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
headphones

55 min

play_arrow
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
headphones

56 min

play_arrow

Marie-Josée Jacobs

De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
headphones

54 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae

D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
headphones

56 min

play_arrow

René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“

De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
headphones

54 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
headphones

56 min

play_arrow

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
headphones

55 min

play_arrow
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

De Lëtzebuerger Acteur a Regisseur war den Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer hält den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg op. Hien hat den Orchester mat gegrënntt.
headphones

55 min

play_arrow
Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Déi fréier Politikerin ass virun allem e Mënsch, dee gären aneren hëlleft.
headphones

56 min

play_arrow

Jérome Merker: Eleng iwwer den Atlantik

Dem Lëtzebuerger Seegler ass et als éischte Lëtzebuerger gelongen eleng iwwer den Atlantik bis op Guadeloupe ze seegelen.
headphones

57 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae: Vum Tatami op d'Bün

Déi fréier Héichleeschtungsportlerin Kimberly Darcy Mae, déi bei d'Schauspillerei gewiesselt huet, ass d'Invitée.
headphones

54 min

play_arrow
Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg dierft hien dem Publique als Acteur besonnesch als "Jorsch“ aus dem Andy Bausch sengem "Troublemaker“ an aus der éischter Lëtzebuerger Sitcom "Weemseesdeet“ bekannt sinn.
headphones

56 min

play_arrow

Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"

En historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich, geschriwwe vu sengem Fils.
headphones

56 min

play_arrow

Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen

Musekerin, Schauspillerin, Sängerin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Enseignante, alles dat passt op d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

D'Tressy Troes ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus am Sot emol
headphones

56 min

play_arrow