Radioen

On air

Notturno  |  Stephen Steinbrink - Pony

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Daphné Boehles: "Schonn als Kand e Bicherwuerm"

Daphné Boehles: "Schonn als Kand e Bicherwuerm"

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Et gi bestëmmt nach vill Leit, déi wa vun engem/enger Bibliothekäre:in geschwat gëtt, un e Mënsch denken, dee sech an enger Bibliothéik ëm Bicher bekëmmert an op alle Fall och all Buch soll geliest hunn. Oder e Mënsch, deen engem all méiglech Informatiounen iwwer e Buch oder allgemeng iwwer Literatur ka ginn. Mee am Fong ass de Beruff vum Bibliothekär vill méi, e moderne Beruff, deen och déi nei Technologien net scheit.

D'Daphné Boehles huet op der Haute Ecole de la Province de Liège Bibliothecaire-Documentaliste studéiert, am Fong wat ee Bibliothéconomie nennt. D'Daphné Boehles erënnert sech awer, datt si, wéi si gesot huet, datt si gäre géif Bibliothéconomie studéieren, ofgerode krut dat ze maachen, et war zimmlech vun alle Säiten eng negativ Astellung dozou:


" Nee, maach dat net, dat ass e Beruff, dee stierft aus, dat ass total langweileg. Maach dat net, well esou vill Bibliothéike gëtt et jo och net am Land, do fënns de nimools eng Plaz, also et war komescherweis immens negativ. Ech hunn och deen Ament immens u mir gezweiwelt. Do hunn ech esou e klengen Test gemaach. Wou leie meng Stäerkten, wat zitt mech un. Dunn ass awer erauskomm, datt meng Charaktereegenschaften, de Leit ze hëllefen, virwëlzeg ze sinn, Informatiounen zesummenzebréngen, datt dat awer absolut op dat Beruffsfeld géif passen."


De Studien zu Léck stoung näischt méi am Wee, a bis haut war et dee richtege Wee, deen d'Daphné Boehles ageschloen huet, well wat ass jo awer méi schéin, wéi e Beruff, bei deem ee praktesch all Dag bäiléiert. An d'Nofro u Leit am Beräich Bibliothéiken, Dokumentatiounszenteren oder Archiven ass eng Realitéit a wäert och nach wuessen.

Wann een an der Zäit zeréckgeet, da muss ee festhalen, datt d'Daphné Boehles schonn als Kand e Bicherwuerm war a vill Zäit mat Liese verbruecht huet.


"Ech war definitiv eng Liesrat, ech hunn immens gäre gelies, well ech och d'Chance hat d'Bicher vun doheem aus geschenkt ze kréien. Bei eis doheem waren net esou vill Bicher, ech kommen aus enger Aarbechterfamill. An ech hat eben déi grouss Chance, datt ech net mäi ganzt Täschegeld hu mussen drop maache fir mir d'Bicher selwer ze kafen."


D'Bicher waren e groussen Deel vun der Daphné Boehles hirer Kandheet a Jugend, a sinn et och haut nach.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Jean  Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
headphones

58 min

play_arrow

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow

Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun

D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
headphones

55 min

play_arrow
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
headphones

56 min

play_arrow

Marie-Josée Jacobs

De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
headphones

54 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae

D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
headphones

56 min

play_arrow

René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“

De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
headphones

54 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
headphones

56 min

play_arrow

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
headphones

55 min

play_arrow
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

De Lëtzebuerger Acteur a Regisseur war den Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer hält den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg op. Hien hat den Orchester mat gegrënntt.
headphones

55 min

play_arrow
Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Déi fréier Politikerin ass virun allem e Mënsch, dee gären aneren hëlleft.
headphones

56 min

play_arrow

Jérome Merker: Eleng iwwer den Atlantik

Dem Lëtzebuerger Seegler ass et als éischte Lëtzebuerger gelongen eleng iwwer den Atlantik bis op Guadeloupe ze seegelen.
headphones

57 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae: Vum Tatami op d'Bün

Déi fréier Héichleeschtungsportlerin Kimberly Darcy Mae, déi bei d'Schauspillerei gewiesselt huet, ass d'Invitée.
headphones

54 min

play_arrow
Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg dierft hien dem Publique als Acteur besonnesch als "Jorsch“ aus dem Andy Bausch sengem "Troublemaker“ an aus der éischter Lëtzebuerger Sitcom "Weemseesdeet“ bekannt sinn.
headphones

56 min

play_arrow

Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"

En historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich, geschriwwe vu sengem Fils.
headphones

56 min

play_arrow

Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen

Musekerin, Schauspillerin, Sängerin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Enseignante, alles dat passt op d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

D'Tressy Troes ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus am Sot emol
headphones

56 min

play_arrow