Wien u Geschicht denkt, denkt dacks u verstëbste Bibliothéiken, un däischter Archiven an u Ruinen. Mee d'Digitaliséierung mécht och virun der Vergaangenheet net Halt. Wat si Bibliothéiken aneschtes wéi Datesammlungen? A wat fir Date kann een nach ukucken, fir eise Passé méi transparent ze maachen?
Dat huet den Tom Haas den Historiker Andreas Fickers vun der Uni Lëtzebuerg gefrot, deen do ee wierklech futuristesche Projet betreit.