Sot emol
Jemp Schuster: "Vun der Musek bei den Theater"
56 min
De Jemp Schuster ass en Theatermënsch duerch an duerch. An no der Pandemie steet nees Fräiliichttheater am Prommenhaff zu Groussbus op der Affiche. Vum 21. Juli u bis den 30 Juli weist d'Asbl Schankemännchen dem Alfred Jarry säi Wierk "Ubu Roi" op Lëtzebuergesch. D'Asbl ass 1993 gegrënnt ginn, also viru gutt 30 Joer, an doriwwer huet de Jemp Schuster de Moie verzielt.
Et war keen do fir d'Regie
De Jemp Schuster huet als Jugendlechen an der Groussbusser Musek gespillt, an d'Musek huet och all Joers fir Chrëschtdag en Theaterstéck op Bün bruecht. De Jemp Schuster huet och e puer Mol gespillt, bis se op emol kee méi hate fir Regie ze maachen, dunn huet hien iwwerholl.
"Dunn hat ech iergend e Stéck fonnt, wou ech geduecht hunn: dat do kéint ee maachen. An do waren awer net genuch Rollen dran. Do hunn ech der dobäigeschriwwen, dat war en aalt Stéck, et ware keng Rechter méi drop wat och ëmmer, deemools huet kee sech Gedanken doriwwer gemaach.(...) An dono wou mer gespillt hunn, do hunn d'Leit am meeschten iwwert dat gelaacht wat ech dobäigeschriwwen hat an do hunn ech geduecht, dat ass vläicht net esou falsch wann s de dat méchs."
Dono huet de Jemp Schuster dann och säin eegene Kannertheaterensembel "Jaddermunnes" gegrënnt an 1985 huet an der Schoul opgehalen a säi Liewe mam Theater verdéngt.
De Kraidergäertche gouf vernoléissegt
De Jemp Schuster, wann een emol net am Theater ënnerwee ass, liest gären, lauschtert Musek, e kacht ganz gären a wéi et schéngt och gutt a wann d'Wieder et zouléisst, ass hien dobaussen, wou en e Kraidergaart huet deen him vill Freed mécht, ma deen awer net méi esou gutt a Form ass. An dat kënnt dohier, datt et dem Jemp Schuster schwéier fält eppes wat wiisst ewech ze maachen.
"A bei mir hannenaus do wuessen esou vill Straich a Beem, déi ech ni gesat hunn, mee d'Vullen hu mer déi gesat an déi wuessen. An déi sinn an der lescht esou gewuess, datt keng Sonn méi an dee Kraidergaart komm ass.(..) An déi Kraider sinn do verkëmmert well se keng Sonn méi kritt hunn. An elo hunn ech mech dann dohinner gestallt an ech hunn de Secteur eraus geholl an ech hu mol probéiert e bësse Luucht do eran ze bréngen."
Fir de Fräiliichthteater mam Jemp Schuster sengem "Kinnek Ubu" zu Groussbus am Prommenhaff gëllt de Site "schankemaennchen.lu".