Radioen

On air

Notturno  |  Jonathan Wilson - Marzipan

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Patrick Michaely: "D'Passioun fir d'Wëssenschaft"

Patrick Michaely: "D'Passioun fir d'Wëssenschaft"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Zanter Mee dëst Joer ass hien neien Direkter vum natur musée. Zanter 28 Joer gehéiert hie schonn zum natur musée. De Patrick Michaely huet selwer eng wëssenschaftlech Formatioun, hien huet op der Universitéit zu Stroossbuerg Biochimie studéiert, mat besonneschen Akzent op d'Immunologie. Mee virun allem huet de Patrick Michaely eng grouss Passioun fir d'Wëssenschaft. Hien huet vill Ausstellungen an de Musée bruecht, an de Science Festival ass ee vun den Highlighten am Joer.

Seng Affinitéit fir den natur musée geet schonn a seng Kandheet zeréck. De Patrick Michaely ass vum Cents an als Kand ass hien dacks zu Fouss an d'Stad gaangen, an do um Fëschmaart laanscht den Nationalmusée, wou hien dacks hänke blouf.

Eng Fossilien-Trouvaille

Am fënnefte Schouljoer huet hie mat Kolleegen am Märjendall kiloweis Fossilie gesammelt an ee vun de Kolleegen huet gemengt, déi Fossilië wieren awer eppes besonnesch Wäertvolles, an et wier sënnvoll, déi an de Musée ze ginn.


"An do hu mer kiloweis eis wäertvoll Fossilien, also Däiwelskrallen an de Musée gedroen. (...) Den deemolege Conservateur, dee war, mengen ech, zimmlech begeeschtert, datt do elo Jonker him déi Fossilie bruecht haten. Bon, et sinn Däiwelskrallen, zimmlech dat heefegst, wat mer vu Fossilien hei am Land hunn. Mee en huet ons awer als klenge Remerciement mat jidderengem eng kleng Këscht mat Mineralien dra matginn. An dat huet mech deemools extreem begeeschtert. (...) Dat huet mech extreem houfreg gemaach, e bëssen och den Declic ginn: Wow hei ass et flott, hei wëll ech eng Kéier schaffe kommen."


"Effzeh" ass déi aner grouss Passioun

Fir de Kader ze setzen: de Patrick Michaely ass schonn zanter senger ganz fréier Jugend Supporter vum Fussballveräin 1. FC Köln, deen ënner den Adepten "Effzeh" genannt gëtt.


"Mäi Papp war et schonn, dee mer dat weiderginn huet. An esou deen éischte bewossten Effzeh-Feeling oder Emotioun, déi ech hat, dat war, wéi se 1978 Champion goufen, an den Double geschafft hunn, wat se och dono ni méi fäerdeg bruecht hunn. Se haten nach e puer Momenter, wou et gutt gaangen ass, haut ass dat e bëssen esou eng Achterbahn-Ekipp. Den Ament spillen se jo mol nees europäesch, ech si jo och ganz frou dofir."

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Jean  Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
headphones

58 min

play_arrow

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow

Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun

D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
headphones

55 min

play_arrow
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
headphones

56 min

play_arrow

Marie-Josée Jacobs

De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
headphones

54 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae

D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
headphones

56 min

play_arrow

René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“

De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
headphones

54 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
headphones

56 min

play_arrow

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
headphones

55 min

play_arrow
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

De Lëtzebuerger Acteur a Regisseur war den Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer hält den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg op. Hien hat den Orchester mat gegrënntt.
headphones

55 min

play_arrow
Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Déi fréier Politikerin ass virun allem e Mënsch, dee gären aneren hëlleft.
headphones

56 min

play_arrow

Jérome Merker: Eleng iwwer den Atlantik

Dem Lëtzebuerger Seegler ass et als éischte Lëtzebuerger gelongen eleng iwwer den Atlantik bis op Guadeloupe ze seegelen.
headphones

57 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae: Vum Tatami op d'Bün

Déi fréier Héichleeschtungsportlerin Kimberly Darcy Mae, déi bei d'Schauspillerei gewiesselt huet, ass d'Invitée.
headphones

54 min

play_arrow
Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg dierft hien dem Publique als Acteur besonnesch als "Jorsch“ aus dem Andy Bausch sengem "Troublemaker“ an aus der éischter Lëtzebuerger Sitcom "Weemseesdeet“ bekannt sinn.
headphones

56 min

play_arrow

Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"

En historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich, geschriwwe vu sengem Fils.
headphones

56 min

play_arrow

Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen

Musekerin, Schauspillerin, Sängerin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Enseignante, alles dat passt op d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

D'Tressy Troes ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus am Sot emol
headphones

56 min

play_arrow