Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

"Mother" an "The Bravery of Being Out of Range" sinn zwee Tracken, déi de Roger Waters 2020 an der Pandemie-Zäit opgeholl huet - wou méi wéi een aus der Musekszeen sech an de Studio oder d'gutt Stuff zeréckgezunn huet fir trotz den Ëmstänn weiderzeschaffen. Hien huet parallel - awer getrennt - mat Museker aus senger Band geschafft, jiddwereen war a sengem klenge Studio isoléiert.

Déi zwee Lidder sinn "al Schanken", hei als quarantine-Versioune proposéiert a via verschidde Social-Media-Kanäl disponibel. Allebéid sinn et Kompositioune vum Roger Waters: "Mother" koum fir d'éischt 1979 um Pink Floyd-Klassiker "The Wall" eraus, "The Bravery of Being Out of Range" 1992 um Waters-Soloalbum "Amused To Death". Et ass dat e Lidd, dat hien ausdrécklech als Anti-War-Song bezeechent ... an an deem hie scho virun 30 Joer op d'Roll an d'Muecht vun de Medien a Konfliktzäiten agaangen ass.

Deemools, 1992, war et eng Reaktioun op de Golfkrich. Agebaut am Lidd sinn och Zitater vum ex-US-President Ronald Reagan ... fir deen de Museker net ganz vill iwwreg huet, fir et emol fein ze soen.

D'Playlist:


Lucinda Williams - Burning Bridges (Down Where The Spirit Meets The Bone, 2014)
Felt - Destination (Felt, 1971)
Julie Driscoll - Tramp (Open, 1968)
Travel Agency - She Understands (Travel Agency, 1968)
Ocean Colour Scene - These Days I'm Tired (On The Leyline, 2007)
Tranquility - Try Again (Tranquility, 1972)
Plainsong - Even The Guiding Light (In Search Of Amelia Earhart, 1972)
Roger Waters - Mother (Quarantine, 2020)
Roger Waters - The Bravery Of Being Out Of Range (Quarantine, 2020)
Look Blue Go Purple - As Does The Sun (Compilation, 1991)
Patti Smith - Soul Kitchen (Ten, 2007)
Ry Cooder - I Need A Woman (The Slide Area, 1982)
Crosby & Nash - Lay Me Down (Crosby & Nash, 2004)

Musek

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow