Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

ELP, Emerson Lake and Palmer: dat ass den Trio Keith Emerson (Keyboards), Greg Lake (Bass a Gesang) a Carl Palmer (Drums). D'Band gouf 1970 gegrënnt a gëllt als Matbegrënner vum Progrock - mat der Spezialitéit, datt déi brittesch Formatioun dacks op Kompositiounen aus der Klassik zeréckgegraff an déi dann am Rockgenre zerwéiert huet. Esou interpretéiere si ë. a. Bach, Copland, Tschaikovski, Mussorgski ... op hir eege Manéier.

Just den Drummer Carl Palmer huet iwwerlieft an ass am Moment mat engem Trio op Tour, deen de Repertoire vum deemools spillt. Allerdéngs ersetzt eng elektresch Gittar d'Uergel an d'Synthie vum Keith Emerson - eng gewoten Entreprise, déi awer vill Leit unzitt.

An dëser Stonn leeft och eng Opnam vum Keith Emerson mat senger éischter Formatioun The Nice: "Westside Story" an den Extrait "America", deen um Musical vum Leonard Bernstein aus dem Joer 1957 baséiert.

D'Playlist:


Beth Hart - Whole Lotta Love (A Tribute To Led Zeppelin, 2022)
Jess Roden Band - In A Circle (Keep Your Hat On, 1976)
Beth Orton - Best Bit (Best Bit, 1999)
Père Ubu - Breath (Cloudland, 1989)
Pink Floyd - San Tropez (Meddle, 1971)
Janis Joplin - Trust Me (Pearl, 1971)
New Monsoon - Next Best Thing (Diamond And Clay, 2014)
The Bevis Frond - New River Head (New River Head, 1991)
Emerson, Lake & Palmer - Lucky Man (Live At The Royal Albert Hall, 1991)
Emerson, Lake & Palmer - Still You Turn Me On (Live At The Royal Albert Hall, 1991)
The Nice - America (single, 1968)
Pearl Jam - Alive (Ten, 1991)

Episoden

Carla Olson a Mick Taylor live

Am Repertoire vum Duo Carla Olson / Mick Taylor ginn et eng Hellewull Erënnerungen un de Sound an un d’Kompositioune vun de Rolling Stones ...
headphones

60 min

play_arrow

Cactus live

Haarde Rock mat engem Schotz Boogie oder Blues - dat war d’Rezept vun der US-amerikanescher Band Cactus, déi aus fréiere Membere vu Vanilla Fudge entstanen ass.
headphones

60 min

play_arrow

Let’s go live!

Mam Eric ‘Slowhand’ Clapton, mat der argentinesch-texanescher Kombinatioun LA Mississippi / Billy F. Gibbons (a ZZ TOP-Repertoire!) a mat Kult aus Australien, dem Angus & Co an hirem éischte Live-Album
headphones

60 min

play_arrow

Zeréck am Ring!

Déi eng hunn no 16 Joer Paus erëm en Album erausbruecht deen - düster a voller Weltschmäerz - iwwerzeegt, déi aner versti sech erëm no munch Divergenzen a ginn op eng direkt ausverkaaften Tour: The Cure an Oasis.
headphones

60 min

play_arrow

Ian Hunter and Calvin Russell live

Mott The Hoople war ufanks de 70er Joren d’Formatioun vum Ian Hunter (Joergang 1939). Support koum deemools vum David Bowie ...
headphones

60 min

play_arrow

Catfish live

Mat Catfish ronderëm de Bandgrënner Bob Hodge kënnt an dëser Al Schanken-Stonn eng net esou bekannte Band an den Asaz.
headphones

61 min

play_arrow

Paul Rodgers live

De Mann aus Middlesbrough zielt zu de grousse Stëmmen am Rockbusiness … a steet bis haut op ausverkaafte Bünen an am Studio: säi bis ewell leschten Album “Midnight Rose” koum am September 2023 eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Et geet ëm d‘Lidd

It’s all about the song: op Allerhellege geet et an der Haaptsaach ëm d’Lidd ... an dofir stinn dann och Nimm aus dem Genre Singer/Songwriter op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

It’s only rock’n’roll…

…but I like it: de Songtitel aus dem Rolling Stones Album mam selwechten Numm aus dem Oktober 1974 kéint duerchaus och de Motto vun hirer Karriär sinn.
headphones

60 min

play_arrow

Bob Dylan – live & revisited

Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen.
headphones

60 min

play_arrow

Calexico live

“Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow