Radioen

On air

De Moien  |  Sunflower Bean - Moment In The Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Larisa Faber: "De Spectateur schenkt dem Schauspiller Zäit"

Larisa Faber: "De Spectateur schenkt dem Schauspiller Zäit"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Larisa Faber ass Actrice, Autorin a Regisseurin, si huet als Kand Musek gemaach an och gedanzt. An England huet si Film a Schauspill studéiert. Eng Kënschtlerin mat vill Enthusiasmus, Engagement a Kreativitéit, déi ëmmer nees nei Saachen ausprobéiert. D'Larisa Faber koum a Rumänen op d'Welt an als Kand schonn op Lëtzebuerg. Si ass och hei zu Lëtzebuerg an d'Schoul gaangen. Hir éischt Kontakter mam Theater hat si am Iechternacher Lycée mam Schülertheatergrupp Les Nouveaux Nez Epternaciens, dee vun der Danielle Hoffelt geleet gouf.

Schei an introvertéiert

Mat 16 Joer hat d'Larisa Faber schonn déi fix Iddi Schauspillerin ze ginn. An haut weess si och firwat. Si wier an hirem sozialen Ëmfeld immens schei an introvertéiert gewiescht. Ausser mat deene Leit, bei deene si déi gréissten Akzeptanz a Léift krut, also hir Mamm an hir Groussmamm, war si ganz anescht, un der Limitt esou guer frech an extrovertéiert. Si wosst, datt si de Mëttelpunkt vun hinne wier.


"Well ech wosst, bei hinnen hunn ech näischt ze verléieren. Et gëtt kee Moment, wann ech hinnen all meng Säite weisen, souguer déi ellen, wou si soe géifen: mir wëllen dech net méi. (...) An op enger Bün konnt ech mech esou entfalen oder esou sinn, wéi ech doheem mat menger Mamm a mat menger Boma war, dat heescht, ech konnt all déi Personnagen spillen, déi vläicht onsympathesch sinn, vläicht frech sinn, vläicht Saache maachen, déi een net gären huet oder Leit zum Laachen bréngen, an dat an engem geschützte Kader, an et wäert kee mech zeréckschécken, et wäert kee mech ofweisen."


"Den Zuschauer gëtt dat Wäertvollst, wat en huet"

D'Larisa Faber beschäftegt sech op der Bün gäre mat sozialen a gesellschaftlechen Theemen, a si denkt och drun, wat si da selwer als Spectateur gären hätt. Elo no där Pandemie huet si d'Impressioun, datt vill Leit immens midd sinn a manner Gedold hunn. An als Schauspiller op der Bün freet een de Zuschauer jo engem dat Wäertvollst ze ginn, wat en huet, nämlech seng Zäit.


"An heiansdo huet een eppes gären an heiansdo huet een eppes net gären, dat ass ok. Mee ech wëll fir mech ëmmer wëssen, wisou soll ech an deem Raum sëtzen, wärend enger Stonn oder zwou, dofir bezuelen sief dat elo Theater, Film, egal. Ech wëll, datt do eng Urgence ass, entweder datt ee mech zum Laache bréngt. (...) All Leit, déi Konscht maachen, froen vun hire Spectateuren dat wichtegst Gut, dat si hunn, hir Zäit."


Als nächst realiséiert d'Larisa Faber am November en eegene Projet mam Titel "Good Girls" am Escher Theater am Kader vun Esch2022 mat engem Theater aus Litauen an engem Theater vu London. Et ass e Musical, deen op Geschichte vu Leit baséiert, déi ofgedriwwen hunn an ok domadder sinn.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Jean  Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
headphones

58 min

play_arrow

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow

Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun

D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
headphones

55 min

play_arrow
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
headphones

56 min

play_arrow

Marie-Josée Jacobs

De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
headphones

54 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae

D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
headphones

56 min

play_arrow

René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“

De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
headphones

54 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
headphones

56 min

play_arrow

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
headphones

55 min

play_arrow
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

De Lëtzebuerger Acteur a Regisseur war den Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer hält den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg op. Hien hat den Orchester mat gegrënntt.
headphones

55 min

play_arrow
Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Déi fréier Politikerin ass virun allem e Mënsch, dee gären aneren hëlleft.
headphones

56 min

play_arrow

Jérome Merker: Eleng iwwer den Atlantik

Dem Lëtzebuerger Seegler ass et als éischte Lëtzebuerger gelongen eleng iwwer den Atlantik bis op Guadeloupe ze seegelen.
headphones

57 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae: Vum Tatami op d'Bün

Déi fréier Héichleeschtungsportlerin Kimberly Darcy Mae, déi bei d'Schauspillerei gewiesselt huet, ass d'Invitée.
headphones

54 min

play_arrow
Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg dierft hien dem Publique als Acteur besonnesch als "Jorsch“ aus dem Andy Bausch sengem "Troublemaker“ an aus der éischter Lëtzebuerger Sitcom "Weemseesdeet“ bekannt sinn.
headphones

56 min

play_arrow

Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"

En historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich, geschriwwe vu sengem Fils.
headphones

56 min

play_arrow

Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen

Musekerin, Schauspillerin, Sängerin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Enseignante, alles dat passt op d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

D'Tressy Troes ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus am Sot emol
headphones

56 min

play_arrow