Déjà Vu
T.Rex - The Slider (07/1972)
16 min
"Telegram Sam" a "Metal Guru" waren déi zwou Hitsinglen aus dem Album. Allebéid koume se schonn am viraus op de Maart, fir op den drëtten Studioalbum vum Marc Bolan a senger Band anzestëmmen.
Sämtlech Lidder si Kompositioune vum Bolan, deen dëse Release kloer dominéiert. Produzéiert huet - wéi de Virgänger "Electric Warrior" - den Tony Viscont. Den Album gouf am Chäteau d'Erouville am Val d'Oise opgeholl, wou méi spéit ë. a. och den David Bowie an den Iggy Pop schaffen.
De Marc Bolan - biergerlechen Numm: Mark Feld - koum de 16. September 1977 mat knapps 30 Joer an engem Autosaccident ëm d'Liewen.
E Réckbléck mam Fred Medernach