Am Juli 1886 war de Franz Liszt am Schlass zu Nidderkolpech op Besuch, wou hien de 7. Juli e Pianosrezital ginn huet. Den 19. Juli 1886, 12 Deeg viru sengem Doud, huet hie säi leschte Recital am Casino Luxembourg ginn, e Beneficeconcert zu Gonschten vun aarme Leit.
Haut erënnert eng Plack op der Fassad vum Casino an der Ënneschtgaass heirunner.