Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Faux Real - Spooky Bois

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Serge Tonnar: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen"

Serge Tonnar: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen"

headphones

52 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Serge Tonnar gouf déi lescht dräi Joer mat radikalen Ännerungen a sengem Liewen konfrontéiert. Mat gemëschte Gefiller gefiddert vun deelweis positiven Impulser fir nei Weeër ze goen a Momenter vun Desorientéierung an Afrostelle vu sengem Beruff a sengem Wee. Ugefaangen huet déi Transitioun 2019, wéi Legotrip opgeléist gouf.

Legotrip huet als Solo-Projet ugefaangen an ass 2011 zu enger richteger Band gewuess. Mam Eric Falchero, Rom Christnach a Misch Feinen. Dunn huet d'Pandemie an deen domadder verbonnene Lockdown de Kultursecteur brooch geluecht. An um perséinleche Plang si seng zwee Jonge mat hire Studie fäerdeg ginn a vun doheem ausgezunn. Seng zwee Bouwen, den Tun an de Luka, déi alle Béid och de Wee bei d'Musek fonnt hunn, warscheinlech vun hirem Papp getriggered.

De Serge Tonnar ass en onofhängegen Auteur, Komponist, Interpret a Schauspiller. Hien ass Autodidakt an huet aus sengem Hobby säi Beruff gemaach. Op sengem Blog nennt hie sech selwer de "Stëlltefëller".

Viru 25 Joer huet hien säi festen Job als Journalist opginn fir fräischaffende Kënschtler ze sinn, ouni Nieweverdéngscht. Warscheinlech ass hie bis haut ee vun de ganz raren, déi dat zu Lëtzebuerg vu sech behaapte kënnen. Hien huet bei Bands matgewierkt wéi Blue Screw, Battaklang, Taboola Rasa, Zap Zoo, Legotrip a Luna Boots, donieft huet hie sëllegen CDe produzéiert.

A senge sozialpolitesch kritesche Lidder geet hien u literaresch a musikalesch Texter aus der Lëtzebuerger Geschicht, gëtt hinnen en neie Sënn an hannerfreet déi ideologesch Konditiounen bannent deene se entstane sinn.

2020 huet de Serge Tonnar vun engem Klassiker aus dem ale China eng fräi Nodichtung op Lëtzebuergesch gewot. "D'Buch vum Wee" vum Tao Te King ass 400 Joer virun eiser Zäitrechnung am ale China entstanen a vum Serge Tonnar an d'Lëtzebuergescht iwwersat ginn. Dofir huet hien eng Wuertwiel getraff, déi einfach ass, ouni ze vereinfachen. Am Zesummespill mat Aquarelle vum Jean-Marie Biwer.

Ob a senge Lidder oder an de soziale Medien, de Serge Tonnar ass den Hexemeeschter vun de Wierder, déi seng Gedanke géint Homophobie, Xenophobie, Intoleranz a sozial Ongerechtegkeeten ausdrécken.

Mat "Aner Lidder" huet hie sech dem Defi gestallt seng Liblingslidder op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen an ze interpretéieren - ënner aneren - Léo Ferré, Nick Cave, Jacques Brel, Antony & the Johnsons oder John Lennon.

Haut kämpft hie fir als Kënschtler weider ze liewen an ze iwwerliewen. Dem Serge Tonnar no hätt d'Situatioun vun de Covid-Mesuren a sengem Beruff gewisen, wéi grouss d'Diskrepanz tëschent de Kënschtler selwer an dem Rescht vun der Kulturzeen ass. Hir seet: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen", wat dann och den Titel vu sengem neien Album gëtt, deen am Oktober erauskënnt.



Kultur
Musek

Episoden

Jean  Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
headphones

58 min

play_arrow

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow

Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun

D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
headphones

55 min

play_arrow
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
headphones

56 min

play_arrow

Marie-Josée Jacobs

De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
headphones

54 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae

D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
headphones

56 min

play_arrow

René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“

De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
headphones

54 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
headphones

56 min

play_arrow

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
headphones

55 min

play_arrow
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

De Lëtzebuerger Acteur a Regisseur war den Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer hält den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg op. Hien hat den Orchester mat gegrënntt.
headphones

55 min

play_arrow
Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Déi fréier Politikerin ass virun allem e Mënsch, dee gären aneren hëlleft.
headphones

56 min

play_arrow

Jérome Merker: Eleng iwwer den Atlantik

Dem Lëtzebuerger Seegler ass et als éischte Lëtzebuerger gelongen eleng iwwer den Atlantik bis op Guadeloupe ze seegelen.
headphones

57 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae: Vum Tatami op d'Bün

Déi fréier Héichleeschtungsportlerin Kimberly Darcy Mae, déi bei d'Schauspillerei gewiesselt huet, ass d'Invitée.
headphones

54 min

play_arrow
Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg dierft hien dem Publique als Acteur besonnesch als "Jorsch“ aus dem Andy Bausch sengem "Troublemaker“ an aus der éischter Lëtzebuerger Sitcom "Weemseesdeet“ bekannt sinn.
headphones

56 min

play_arrow

Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"

En historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich, geschriwwe vu sengem Fils.
headphones

56 min

play_arrow

Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen

Musekerin, Schauspillerin, Sängerin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Enseignante, alles dat passt op d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

D'Tressy Troes ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus am Sot emol
headphones

56 min

play_arrow