Al Musek nei entdeckt: Esou kann een d'Ufankszäit vum Ensembel Tempus est iocundum beschreiwen. An d'Entdecke vun neiem Repertoire huet och haut, 45 Joer no senger Grënnung net opgehalen.
Am Mëttelpunkt vun dëser Emissioun steet e Gespréich mam Grënner Johny Fritz. Et geet ëm den Ufank vu senger Passioun fir déi Al Musek a vum Ensembel, et geet ëm markant Stécker an ëm een Ament, deen den Ensembel zu deem gemaach huet, wat en haut ass.
De Luc Boentges féiert duerch d'Gespréich.