Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"

Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Sarah Grunert ass Schauspillerin an huet den Ament e festen Engagement. Si ass Member um Schauspiel Frankfurt. Si huet zu München op der Theaterakademie studéiert an duerno zu Bochum gespillt. Dertëschent stoung awer och nach en Intermezzo an engem Actors-Studio zu New York, wat hir an der Entwécklung nawell vill bruecht huet an hir nei Approchen am Schauspill geléiert huet.

D'Sarah Grunert huet awer e staarke Lien zu Lëtzebuerg. An zwar koum si zu Lëtzebuerg op d'Welt, hir Mamm kënnt vun hei a si huet nach Famill zu Lëtzebuerg. Am Fong ass d'Sarah Grunert, wéi si seet, hallef Däitsch an hallef Lëtzebuergerin. Der Sarah Grunert hir Mamm ass d'Odile Simon, fréier Directrice vum Centre culturel Cube 521 zu Maarnech.

Theater war en Theema doheem

Den Theater war omnipresent doheem, well net nëmmen der Sarah Grunert hir Mamm am Theaterberäich geschafft huet, mee och hire Papp. Wéinst de verschiddenen Theaterengagementer vun den Elteren ass déi ganz Famill dacks geplënnert. Den Theater war ëmmer en Deel vun hir, als Kand war si dacks an de Prouwe mat derbäi a si huet d'Theaterwelt kennegeléiert.


"Awer op där anerer Säit hunn ech och gemierkt, wéi komplizéiert dat ka sinn. Wann een am Theater schafft, da muss een natierlech och domadder ëmgoe vill ze plënneren, ëmmer hei an do ze sinn, vill ze schaffen, ëmmer dann ze schaffen, wann déi aner fräi hunn. An dofir war et eigentlech kloer fir mech, wéi ech kleng war oder jonk war: Ech wëll dat net maachen."


Mee et kënnt dacks, éischtens anescht wéi een, zweetens, mengt.


"Et huet mech awer krut, wou d'Léift hifält, do läit se eben. (...) An elo maachen ech et och."


An den Theater an d'Schreiwe sinn der Sarah Grunert hiert Liewen ginn, a si fënnt ëmmer nees Weeër fir hir Iddien ze verwierklechen.

D'Kannerhörspill "Bea Beutelratte"

Mat dësem Hörspill huet d'Sarah Grunert sech e Wonsch erfëllt, well si déi Figur vun der Bea Beutelratte scho laang am Kapp hat. D'Geschicht geet ëm d'Bea, eben den Opossum, dee sech "fliedermausere" wëllt. D'Hörspill elo selwer gouf schonn eemol am Cube 521 als Live-Hörspill opgeféiert a wäert Enn dës Joers um Schauspiel Frankfurt op der Affiche stoen.


"Dat ass och schonn déi Léift iwwer d'Stëmm a Geräischer, grad iwwer dee Medium vum Hörspill Geschichten ze erzielen, grad fir Kanner. Dat huet och domat ze dinn, datt ech selwer extreem vill Hörspiller gelauschtert hunn. An ëmmer erëm Saachen och um Radio gemaach hunn an och haut nach fir Kanner. Also vum Hessesche Rundfunk gëtt et esou e Kanner-Podcast 'Wunderwigwam'. (...) Wou ech ëmmer als fest Sprecherin matschwätzen, dat mécht mir immens Spaass, an ech weess, wéi flott dat ka si fir Kanner ze lauschteren a Biller am Kapp ze hunn."


D'Hörspiel "Bea Beutelratte" vun der Sarah Grunert fannt Dir ze lauschteren bei de bekannten Streaming-Déngschter.

De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.





Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Jean  Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
headphones

58 min

play_arrow

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow

Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun

D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
headphones

55 min

play_arrow
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
headphones

56 min

play_arrow

Marie-Josée Jacobs

De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
headphones

54 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae

D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
headphones

56 min

play_arrow

René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“

De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
headphones

54 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
headphones

56 min

play_arrow

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
headphones

55 min

play_arrow
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

De Lëtzebuerger Acteur a Regisseur war den Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer hält den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg op. Hien hat den Orchester mat gegrënntt.
headphones

55 min

play_arrow
Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Déi fréier Politikerin ass virun allem e Mënsch, dee gären aneren hëlleft.
headphones

56 min

play_arrow

Jérome Merker: Eleng iwwer den Atlantik

Dem Lëtzebuerger Seegler ass et als éischte Lëtzebuerger gelongen eleng iwwer den Atlantik bis op Guadeloupe ze seegelen.
headphones

57 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae: Vum Tatami op d'Bün

Déi fréier Héichleeschtungsportlerin Kimberly Darcy Mae, déi bei d'Schauspillerei gewiesselt huet, ass d'Invitée.
headphones

54 min

play_arrow
Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg dierft hien dem Publique als Acteur besonnesch als "Jorsch“ aus dem Andy Bausch sengem "Troublemaker“ an aus der éischter Lëtzebuerger Sitcom "Weemseesdeet“ bekannt sinn.
headphones

56 min

play_arrow

Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"

En historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich, geschriwwe vu sengem Fils.
headphones

56 min

play_arrow

Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen

Musekerin, Schauspillerin, Sängerin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Enseignante, alles dat passt op d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

D'Tressy Troes ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus am Sot emol
headphones

56 min

play_arrow