Jiddweree vun eis huet der sécher doheem: CDen. Mir wëssen all, wat eng CD ass. Mee zanter wéini ginn et dann elo iwwerhaapt CDen? Et muss ee, fir fair ze bleiwen, festhalen, datt et e puer Méiglechkeete gi fir den Anniversaire vun der CD ze feieren. Kloer ass, datt d'CD scho 40 Joer do ass, an eng gelleg Success Story erlieft huet. Mee elo huet se hir bescht Zäiten hanner sech. An deen ale gudde Vinyl-Disc erwächt nees aus der Agonie.
De Jean Claude Majerus denkt un d'CD zeréck.