Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Björk & Rosalia - Oral

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Isabelle Marinov: "D'Welt mat Kannerae gesinn"

Isabelle Marinov: "D'Welt mat Kannerae gesinn"

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Wee bis bei d'Fieder an d'Wierder huet iwwer de Beruff vun der Affekotin geféiert. Haut ass d'Isabelle Marinov Autorin an huet et mat enger vun hire Geschichte bis an d'New York Times gepackt.

1970 gebuer, huet hire Wee vun Nidderaanwen iwwer Stroossbuerg, Amerika zeréck op Lëtzebuerg geféiert, wou si fir d'éischt Affekotin war, éier si Autorin gouf. Ugefaangen huet alles, wéi si mat néng Joer eng rout Schreifmaschinn vun hiren Eltere geschenkt krut.

"The Boy Whose Head Was Filled with Stars", hiert éischt Buch, erzielt d'Geschicht vum Weltraumfuerscher Edwin Hubble, dee mat nëmmen 33 Joer bewisen huet, datt d'Mëllechstrooss net déi eenzeg Galaxie am All ass. Wéi vill Stäre stinn um Himmel? Wéi huet den Universum ugefaangen? Wou ass en hierkomm? Dëst ass d'Geschicht vum Edwin Hubble, dee vun de Stäre faszinéiert ass, an e sëllegen Hürden huet missten iwwerwanne fir Astronom ze ginn.

2021 koum en zweet Buch vun der Isabelle Marinov eraus. "De Leo an den Oktopus" erzielt d'Geschicht vum klenge Leo, deen Asperger-Syndrom huet, wat him déi alldeeglech Kommunikatioun mat senge Matmënschen net esou einfach mécht. Enges Daags geet hien an den Aquarium, wou hien d'Maya kenneléiert, een Oktopus. D'Maya gräift dem Leo mat sengen aacht Tentakelen ënner d'Äerm, fir sech an der Welt erëmzefannen an erméiglecht him eppes, wat hien ni fir méiglech gehalen hätt: den Ufank vun enger Frëndschaft.

Als Mamm vun engem autistesche Kand sinn et virun allem eegen Erfarungen, déi d'Isabelle Marinov zur Geschicht "De Leo an den Oktopus" inspiréiert hunn. Do dernieft gouf si vum Professer Tony Attwood, enger Koryphee um Gebitt vum Autismus, beroden. D'Isabelle Marinov schreift op Englesch, "De Leo an den Oktopus" gouf awer elo op Lëtzebuergesch iwwersat.

Wou si als Autorin hir Inspiratioun fënnt, wat sech wierklech hanner der Wiel vun hire Sujete verstoppt, a wat d'Schreiwen hir erlaabt, wat d'Schwätzen net kann, erzielt d'Isabelle Marinov dem Natasha Ehrmann.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Jean  Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
headphones

58 min

play_arrow

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow

Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun

D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
headphones

55 min

play_arrow
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
headphones

56 min

play_arrow

Marie-Josée Jacobs

De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
headphones

54 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae

D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
headphones

56 min

play_arrow

René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“

De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
headphones

54 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
headphones

56 min

play_arrow

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
headphones

55 min

play_arrow
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

De Lëtzebuerger Acteur a Regisseur war den Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer hält den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg op. Hien hat den Orchester mat gegrënntt.
headphones

55 min

play_arrow
Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!

Déi fréier Politikerin ass virun allem e Mënsch, dee gären aneren hëlleft.
headphones

56 min

play_arrow

Jérome Merker: Eleng iwwer den Atlantik

Dem Lëtzebuerger Seegler ass et als éischte Lëtzebuerger gelongen eleng iwwer den Atlantik bis op Guadeloupe ze seegelen.
headphones

57 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae: Vum Tatami op d'Bün

Déi fréier Héichleeschtungsportlerin Kimberly Darcy Mae, déi bei d'Schauspillerei gewiesselt huet, ass d'Invitée.
headphones

54 min

play_arrow
Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg dierft hien dem Publique als Acteur besonnesch als "Jorsch“ aus dem Andy Bausch sengem "Troublemaker“ an aus der éischter Lëtzebuerger Sitcom "Weemseesdeet“ bekannt sinn.
headphones

56 min

play_arrow

Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"

En historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich, geschriwwe vu sengem Fils.
headphones

56 min

play_arrow

Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen

Musekerin, Schauspillerin, Sängerin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Enseignante, alles dat passt op d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

Tessy Troes: Film, Foto a Fussball

D'Tressy Troes ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus am Sot emol
headphones

56 min

play_arrow