Den 29. August, also gëschter, war am Liewen vun der schweedescher Actrice schonn e speziellen Datum, si ass nämlech op engem 29. August gebuer an och gestuerwen. De 29. August 1915 koum d'Ingrid Bergman zu Stockholm op d'Welt an de 29. August 1982, gëschter viru 40 Joer, ass si no laanger Krankheet am Alter vun nëmme 67 Joer zu London gestuerwen. Der Ingrid Bergman hir Filmkarriär ka sech weise loossen, fir hir Prestatioun um groussen Ecran krut si ënner anerem dräi Oscaren, véier Bambien a véier Golden Globe.
E Portrait um 40. Doudesdag vun der Ingrid Bergman mam Jean Claude Majerus