arrow_back_ios
Musek am Gespréich
Benjamin Schäfer
headphones
60 min
Lauschteren
play_arrow
Bengele si seng Leidenschaft, sief et ee fir ze schloen oder ee fir duerch d'Loft ze fuchtelen. Rieds geet vum Benjamin Schäfer - Perkussionist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an Dirigent vum neien Amateur-Orchester Orchestre de la Place de l'Europe. Beim Fräiraim-Festival vun der Philharmonie huet dësen Ensembel säin alleréischten Optrëtt gefeiert.
Doriwwer, dem Benjamin Schäfer säi Parcours als Perkussionist a seng Passioun fir d'Dirigéiere geet et am Gespréich mam Luc Boentges.
Musek