Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Drauwen, d'Uebst vun de Gëtter, net nëmme gutt fir Wäin

Drauwen, d'Uebst vun de Gëtter, net nëmme gutt fir Wäin

headphones

17 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Drauwen sinn eng vun den eelsten Uebstzorten, déi eis bekannt sinn, et gëtt se schonn esou laang, datt een net méi richteg novollzéie kann, vu wou se hierkommen.

Laang goufen Drauwen haaptsächlech gebraucht fir Wäin ze maachen, mee lues a lues goufen ëmmer méi Zorte geziicht, déi éischter fir de Konsum geduecht waren, méi séiss, méi eng dënn Haut a méi rezent, och ouni Kären.

Et ass eng interessant Zort vun Uebst, net esou wéinst hirem Gehalt u Vitaminnen, mee éischter wéinst de Planzestoffer, déi si enthalen, an déi als Antioxidanten eng schützend Wierkung op eise Kierper an op d'Entwécklung vu chronesche Krankheeten hunn. An och wa se vill Drauwenzocker enthalen, si sinn trotzdeem keen Tabu fir Leit mat Diabetes.

Rezept Iddien:

Drauwe kann een natierlech einfach esou frësch als Tëschemoolzecht oder Dessert iessen, si passe gutt an eng Uebstzalot, wou een dann och ka mat de Faarwe spillen. Et kann een Drauwen och fir op eng Taart gebrauchen, wéi Kiischten oder Mirabellen. Wann een z. B. mat verschidden Drauweformen a Faarwe spillt, kann ee ganz dekorativ Kreatioune maachen.

Och an Desserte wéi Clafoutien oder Crumble loosse sech Drauwe gutt verschaffen, an agekacht, als Gebeess oder Chutney, kënne si ganz villsäiteg agesat ginn.

Drauwen eegene sech awer och ganz gutt fir bei méi gehäerzte Liewensmëttel giess ze ginn, wéi z. B. bei engem Kéisplateau, réi Ham oder Paté. Si passe gutt a Rezepter mat wäissem Fleesch, wéi Gefligel, Hues oder Schwäin, wou si dann eng séiss/saierlech Nout ginn.

Gedréchent als Rosénge kann ee se z. B. am Müsli iessen oder am Couscous. Zesumme mat Äppel an enger Taart oder engem Strudel verschaffen an natierlech net ze vergiessen am Kiermeskuch oder am Chrëschtdagsstollen.

Informatioune mat der Dieteticiene Sylvie Paquet

Referenzen:


www.diabetes-news.de - Lebensmittelkunde Weintrauben
eatsmarter.de
Le raisin : l'automne en grappes

Politik a Gesellschaft

Episoden

Fake News am Beräich Ernärung

Fake News am Beräich Ernärung

Et ginn eng Onmass Zäitschrëften, Bicher, Internetsäiten iwwer gesond Ernärung,iwwer Regimmer oder Rotschléi fir physesch méi fit ze ginn. Wéi weit sinn dös Informatioune richteg, wéi funktionéiere fake News?
headphones

14 min

play_arrow
Fake News am Beräich Ernärung

Fake News am Beräich Ernärung

Et ginn eng Onmass Zäitschrëften, Bicher, Internetsäiten iwwer gesond Ernärung,iwwer Regimmer oder Rotschléi fir physesch méi fit ze ginn. Wéi weit sinn dös Informatioune richteg, wéi funktionéiere fake News?
headphones

14 min

play_arrow
Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg

Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg

Eng Weltrees, déi op 4ème ze Lëtzebuerg an an der Groussregioun ufänkt an op der 1ère a Mikronesien am Pazifik ophält
headphones

7 min

play_arrow
Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung

Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung

D'ALVA, d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire kontrolléiert reegelméisseg vill Déieren a grouss Quantitéite Planzen a Liewensmëttel aus Drëttstaaten, déi bei eis an d‘Land importéiert ginn.
headphones

13 min

play_arrow
Gutt iessen, gutt lafen | © Bigstock / Pavel1401

Gutt iessen, gutt lafen

Déi richteg Ernärung fir e Marathon ze lafen
headphones

9 min

play_arrow
Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien

Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien

Se si knackeg, frësch, schaarf oder wierzeg a liwweren eis eng héich Konzentratioun un Nährstoffer a kënnen dat ganzt Joer liicht gezillt ginn.
headphones

12 min

play_arrow
Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul

Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul

Ökologeschen Engagement an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg an net nëmmen eng Äntwert op en Trend vum Marché
headphones

11 min

play_arrow
D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet

D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet

Reegelméisseg ze héich Bluttzockerwärter sinn ee Risikofacteur fir Prädiabeetes an Diabeetes Typ 2.
headphones

13 min

play_arrow
Schlank am Schlof: geet dat? | © Bigstock

Schlank am Schlof: geet dat?

Ernärung a Schlof sinn zwee wesentlech Piliere fir eis Gesondheet a Wuelbefannen.
headphones

8 min

play_arrow
Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung

Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung

Wéi eng Relatioun gëtt et bei der Entwécklung, vu de sougenannte " tëllen Entzündungen", mat der Ernärung
headphones

11 min

play_arrow
D‘Rommel Bommel an hir Frënn

D‘Rommel Bommel an hir Frënn

Mam villfältege Wantergeméis der Rommel entdecke mir Neies aus der Schmaachschoul.
headphones

13 min

play_arrow
Liewensmëttelsécherheet an d'Vermaartung

Liewensmëttelsécherheet an d'Vermaartung

Séchert Iessen ennerläit der Verantwortung vun all Acteur an der Liewensmëttelketten an get durch d’ALVA zu Letzebuerg iwwerwaacht.
headphones

18 min

play_arrow

Geet d'Léift wierklech duerch de Mo?

Iessen ass en zentrale Bestanddeel vun de Féierlechkeeten op Vältesdag, a vill Leit gesi kulinaresch Experiencen als e wichtege Wee fir Léift auszedrécken.
headphones

11 min

play_arrow

Gesond Ernärung op der Aarbecht

Iddien an Ustéiss, fir eng gesond Ernärung am Beruffsalldag,vun der Ernärungsberoderin Lis Muller.
headphones

16 min

play_arrow
Déiereschutz: Iwwerwaachung vum Déierewuel

Déiereschutz: Iwwerwaachung vum Déierewuel

D’ALVA, déi nei Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung, këmmert sech ëm d’Iwwerwaachung vum Déiereschutz an Déierewuel bei Haus-, Notz- a Labosdéieren.
headphones

18 min

play_arrow

Wuelbefannen a mental Gesondheet

Journée de Bien-Être an der Hotelsschoul zu Dikrech
headphones

13 min

play_arrow

Diabetes a grouss Ernärungstrends: den Afloss vun den neien "-tarier"

Dacks ginn dës Ernärungstrends als méi gesond dohi gestallt. Mee ass dat wierklech ëmmer de Fall?
headphones

15 min

play_arrow
Eist Iessverhalen an den Impakt vun de soziale Medien | © Bigstock / artiemedvedev

Eist Iessverhalen an den Impakt vun de soziale Medien

Plattforme wéi Instagram, TikTok a Co, hunn e groussen Afloss op eisen Alldag, awer wéi vill beaflosse se tatsächlech eis Iessgewunnechten? Ass dee ganzen Ernährungs-Social-media-Trend éischter positiv oder negativ ze bewäerten?
headphones

12 min

play_arrow
Gesond Ernärung och mat engem klenge Budget

Gesond Ernärung och mat engem klenge Budget

Kaafe just wat ee brauch, esou spuert ee Geld an et gëtt näischt verbëtzt.
headphones

14 min

play_arrow
Realistesch Ziler fir dat neit Joer

Realistesch Ziler fir dat neit Joer

Wéi kann ech mir realistesch Ziler am Kontext vun enger gesonder Ernärung setzen a wéi wichteg ass Flexibilitéit fir dës Ziler ze erreechen?
headphones

11 min

play_arrow