Radioen

On air

Notturno  |  Q Lazzarus - Goodbye Horses

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Den Englänner Bill Nelson, Joergang 1948, ass e richtegen all-in-one Kënschtler: hien ass aktiv als Gittarist a Sänger deen de Gros vu senge Lidder selwer schreift a komponéiert, hie produzéiert Eegenes an och alt emol fir Musekerkolleegen (e.a. dem Gary Numan säin 83er Album "Warriors'), hien huet Foto-, Video- a Molereiausstellungen a fir déi kanadesch Gittarefirma Eastwood huet hien rezent den Design vum Modell "'Astroluxe Custom Ltd' entworf.

Musikalesch Statioune vum Bill Nelson waren e.a. d'Bands Bebob De Luxe a Red Noise, zanter Mëtt de 70er hëllt hien mat eegener Formatioun op. Sai Genre: eng Mëschung aus ambitiéisem art rock, electronic a new wave ... a fir Soundexperimenter ass hien ëmmer ze hunn. De grousse kommerziellen Erfolleg ass domadder schwéier z'erreechen - wat natierlech näischt iwwert d'Qualitéit vu senger Musek ausseet.

2012 huet de Bill Nelson mat Band viru Publikum an de Londoner Metropolis Studioen opgeholl, en Duebelalbum mat enger akustescher an enger elektrescher Säit. Dës Produktioun - Sortie zwee Joer duerno - läit den Owend an der Emissioun op.

D'Playlist vun haut:


World Party - Way Down Now (Goodbye Jumbo, 1990)
David Bowie - Waiting For The Man (Bowie At The Beep, 2000)
Faces - Stay With Me (A Nod Is As Good As A Wink ...To A Blind Horse, 1971)
Roxy Music - Editions Of You (For Your Pleasure, 1973)
The Charlatans - The Only One I Know (Some Friendly, 1990)
Inspiral Carpets - The Way The Light Falls (Devil Hopping, 1994)
Happy Mondays - Kinky Afro (Pills 'n' Thrills and Bellyaches, 1990)
Bill Nelson & the Gentlemen Rocketeers - Contemplation (Recorded Live At The Metropolis Studios, London, 2014)
Bill Nelson & the Gentlemen Rocketeers - Good Man Slain (Recorded Live At The Metropolis Studios, London, 2014)
Liz Phair - Sweet Jane (OST The Good Wive, 2016)
Lou Reed - Tatters (Ecstacy, 2000)
Groundation - Long Long Ago (Young Tree, 1999)

Musek

Episoden

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow