Aus dem fréiere "Little Stevie Wonder" ass e Museker ginn, deen net méi vu senger Plackefirma an där hire Lidderliwweranten ofhängeg ass. Am Oktober 1972 bréngt hie mat "Talking Book" en Album eraus, deen dräi Mol mat engem Grammy ausgezeechent gëtt, mat "Superstition" a "You Are The Sunshine of My Life" zwou Hitnummeren opweises huet ... an dee mam politeschen Track "Big Brother" een onerwaart kritesche Bléck op déi amerikanesch Gesellschaft gehäit.
De Fred Medernach mat engem Réckbléck op en Album, deen der dëse Mount 50 kritt.