"Fully, Completely" heescht de Kultalbum vun der kanadescher Kultband The Tragically Hip, dee viru genee drësseg Joer, 1992, erauskoum an deen dës Woch eisen Déjà-Vu-Album vun der Woch war. Tragescherweis sollt d'Band ni am grousse Stil hip ginn oder iwwer d'Grenze vun deem Land bekannt, iwwer dat si an hire Lidder esou treffend a gär och kritesch gesongen hunn. De ronne Gebuertsdag vun dësem Album ass villäicht eng gutt Geleeënheet, The Tragically Hip an hir Musek awer nach ze entdecken.
arrow_back_ios
Déjà Vu
Tragescherweis hip
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
