Déjà Vu
Led Zeppelin - Coda 1982
11 min
Wann eng Band ausernee geet, kann et emol sinn, dass nach "kontraktuell" Obligatiounen z'erfelle sinn. Esou ass et Led Zeppelin 1982 gaangen. 2 Joer nodeems hiren Drummer John Bonham no engem Alkoholsexzess dout opfonnt gouf, an d'Band sech an Trauer opgeléist hat, huet hiren Deal mat Atlantic Records nach no engem Studioalbum verlaangt. De Gittarist Jimmy Page huet dunn dee leschten offizielle Led Zeppelin Album Coda zesummegeschoustert, aus Studio- an Demoopnamen aus de Joren 69-78, déi net erauskomm waren. De Marc Clement huet nach eemol fir eis an des Plack eragelauschtert.