Radioen

On air

E-Lodie  |  Giannis Gogos - Linger

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

'How The West Was Won' ass en Triple-Live-Album vu Led Zeppelin, opgezeechent goufen d'Optrëtter zu L.A. a Long Beach am Juni 1972 an e Gig zu Southampton am Januar dat Joer drop. Et huet awer bis am Mee 2003 gedauert, ier de Label Atlantic déi 18 Stécker mat enger Spilldauer vun iwwer 150 Minutten op de Maart bruecht huet.

An den USA an a Kanada ass de Release op d'1 an den Charts komm,doheem op der brittescher Insel op d'Plaz 5. De Feedback op d'Sortie war absolut positiv, de Quartett Jimmy Page (Gittaren, Produktioun), Robert Plant (Gesang, Harmonika), John Paul Jones (Bass, vereenzelt Keyboards) an John Bonham (Drums, Perkussiounen) huet sech an Toppform gewisen.

Den Albumtitel ass identesch mat deem vum Film vum Trio Henry Hathaway / John Ford / George Marshall aus dem Joer 1962, eng epesch Hollywood-Produktioun em Pionéier, déi den amerikanesche Kontinent bereesen a sech do etabléieren. Dat huet och d'Band mat hirer Musek gemaach!

D'Playlist vun haut:


Chicago Transit Authority - I'm A Man (Chicago Transit Authority, 1969)
Electric Flag - Killing Floor (A Long Time Comin', 1968)
Ron Evans - After Midnight (65 to 97, 2004)
Blood Sweat And Tears - Smiling Phases (Blood Sweat And Tears, 1968)
Caravan - Memory Lane, Hugh / Headloss (For Girls Who Go Plumb In The Night, 1973)
Brian Davison's Every Which Way - All In Time (Brian Davison's Every Which Way, 1970)
Led Zeppelin - Goin' To California (How The West Was Won, 2003)
Led Zeppelin - That's The Way (How The West Was Won, 2003)
Neil Young & Crazy Horse - Down By The River (Everybody Knows This Is Nowhere, 1969)

Musek

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow