Weder de Placide Cappeau nach de Joseph Mohr hate jee gemengt, datt hir Chrëschtlidder esou een enorme Succès géingen hunn. Beim Irving Berlin war dat schonn e bëssen anescht. Deen amerikaneschen Komponist, dee selwer keng Nout liesen a schreiwe konnt an duerfir ganz op d'Hëllef vu senger Sekretärin ugewise war, huet direkt gesot, datt "White Christmas" net nëmmen dee beschten Song aus senger Fieder wär, mee dat beschte Lidd iwwerhaapt.
De Jean Claude Majerus schwätzt iwwer Chrëschtlidder.