Radioen

On air

Notturno  |  Arp - Eniko

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

D'Neville Brothers sinn eng richteg Familljesaach: déi véier Bridder Art, Charles, Aaron a Cyril Neville hu sech - no Eenzelkarriären - 1977 zesummegedoe fir hire Mix aus Soul, Funk a Rhythm 'n' Blues gemeinsam virzedroen.

Hir Kompositioun "Sister Rosa" ass der Rosa Parks dediéiert - déi afroamerikanesch Fra, déi den 1. Dezember 1955 refuséiert huet, hir Plaz, déi si an engem Bus ageholl hat, fräi ze maache fir e wäissen US-Amerikaner. Dat zu Montgomery am Bundesstaat Alabama, wou se deemools - an zum Deel och nach haut - un d'Bibel, de Revolver a White power gleewen.

Dëse Refus vun der Rosa Parks - déi vun der Polizei festgeholl gouf - war d'Drëps, déi ee bis uewen hi gefëllte Faass voller Rassismus zum Iwwerlafe bruecht huet. De Virfall huet massiv Biergeronrouen ausgeléist, ass duerch déi international Press gaangen a gëllt als Gebuertsstonn vu Biergerrechtsbeweegungen ë. a. ëm de Martin Luther King.

D'Rosa Parks ass 2005 am Alter vun 92 Joer gestuerwen. Een Zitat vun hir: "You must never be fearful about what you are doing when it is right."

D'Playlist:


David Lindley - Papa Was A Rolling Stone (Very Greasy, 1988)
The B-52's - Funplex (Funplex, 2008)
Southern Culture On The Skids - Firefly (Too Much Pork For Just One Fork, 1991)
Webb Wilder - Tough It Out (Doo-Dad, 1991)
Redbone - We Were All Wounded At Wounded Knee (Already Here, 1973)
Redbone - The Witch Queen Of New Orleans (Message From A Drum, 1971)
The Neville Brothers - Voodoo (Live On Planet Earth, 1994)
The Neville Brothers - The Dealer (Live From Planet Earth, 1994)
The Neville Brothers - Sister Rosa (Live From Planet Earth, 1991)
Dr. Feelgood - I'm In The Mood For You (The Feelgood Factor, 1993)
The Detroit Cobras - The Real Thing (Baby, 2004)
The Revolutionaires - Shake Your Hips (Live In Session, 2017)
The Smashing Pumpkins - 1994 (Mellon Collie And The Infinite Sadness, 1995)
The Rolling Stones - Star Star (Goats Head Soup, 1973)
The Greyboy Allstars - Taxman (Get A Job, 2022)

Musek

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow