Eng rezent Etüd weist, datt 40 Prozent vun eisen Noperen an Däitschland Lightprodukter konsuméieren. Och bei eis ass dat eng Tendenz fir méi bewosst mat Kalorien, Fett, Zocker ëmzegoen, an trotzdeem gëtt et ëmmer méi Leit, déi mat Erkrankunge wéi Iwwergewiicht, Diabetis, héije Bluttdrock liewen.
Definitioun vum Light-Produit:
Eng europäesch Reglementatioun huet 2007 d'Krittäre prezis festgesat: de Gehalt un Zocker oder Fett soll wéinstens 30 Prozent reduzéiert si par Rapport zu engem vergläichbaren Originalprodukt. Dat nennt een Allegatioun, d. h. et gëtt suggeréiert, datt dat Liewesmëttel extra gutt Eegenschafte fir eis Gesondheet huet.
"Wa mir gesinn, wéi héich eise Konsum un déieresche Fetter ass, mécht et Sënn beim Kachen op fettreduzéiert Botter, Ram oder sauer Ram zeréckzegräifen an esou bei wéineg Fett awer Goût an d'Iessen ze bréngen Et gëtt och Produkter, an deene manner Salz oder kee Salz méi bäigesat gëtt, dat ass interessant fir méi gesond ze iessen.
Gezielt wéineg, qualitativ héichwäerteg Planzefetter gebrauche fir den Bedarf un essentielle Fettsaieren ze decken
Da solle mir déi natierlech Lightprodukter net vergiessen: Geméis bei all Haaptmolzecht fir d'éischt iessen, doduerch gëtt d'Energiedicht vun der Moolzecht erofgesat an d'Ballaststoffer suerge fir e gutt Siedegungsgefill
Haaptsächlech Waasser, Infusiounen drénke fir sech ze hydratéieren
Net op kaloriëräich Liewesmëttele ganz verzichten, mee se bewosst a klenge Moosse genéissen
Fazit: e Lightprodukt ass kee Wonnermëttel, et geet drëm eng ausgeglachen Ernärung iwwer den Dag an iwwer eng Woch zesummenzesetzen, woubäi e richtegt agesatent Lightprodukt och kann hëllefen".
esou de Rot vun der Dieteticienne Liz Muller
Referenzen:
https://de.statista.com/themen/5027/light-produkte/#topicOverview. (kein Datum). Vun https://de.statista.com/. ofgeruff
https://securite-alimentaire.public.lu/content/dam/securite_alimentaire/fr/professionnel/Denrees-alimentaires/Etiquetage/comment_lire_etiquette.pdf. (2022). Vum Portail de la securite alimentaire Luxembourg ofgeruff
https://www.mangerbouger.fr/manger-mieux/s-informer-sur-les-produits-qu-on-achete/comprendre-les-informations-nutritionnelles-et-les-etiquettes/comment-decoder-les-allegations-nutritionnelles-sur-les-emballages. (kein Datum). Vun https://www.mangerbouger.fr/. ofgeruff
Lecerf, J.-M. S.-L. (2020) "Nutrition préventive et thérapeutique" Elsevier Masson
Nutrition, L. (2021) "Le bon choix au supermarché - traquez les aliments ultra-transformés" Thierry Souccar éditions
P. B., & C. L. (2020). "Klartext Ernährung" Mosaik Verlag