Musek am Gespréich
De Josy Hamer (1925-2022)
60 min
An der iwwer honnertjäreger Geschicht vum Stater Conservatoire gouf de Josy Hamer (1925), fréieren éischte Geiist an Hautboist am RTL-Orchester, no engem Concours, 1965 éischte Lëtzebuerger Direkter vun dëser Institutioun.
An engem Gespréich am Joer 2006, bei Geleeënheet vum 100. Anniversaire vum Conservatoire, kuckt de Josy Hamer, dee seng Studien um Conservatoire Royal de Bruxelles gemaach hat, zeréck a beliicht d'Reorganisatioun an d'Weiderentwécklung vum Conservatoire tëschent de Jore 65 an 89, wou ënner senger Direktioun, niewent der Kreatioun vu verschiddenen Orchester-Formatiounen a Chéier, de Projet vun engem neie Gebai realiséiert konnt ginn.
De Josy Hamer stierft de 26.12.2022
Eng Emissioun vum Carlo Link