Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Leguminosen, nohalteg a gesond

Leguminosen, nohalteg a gesond

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den 10. Februar gouf vun de Vereenten Natiounen als internationale Dag vun de Leguminose festgeluecht. Eng Geleeënheet dës héichwäerteg Liewesmëttele méi genee ënner d'Lupp ze huelen: Weltwäit ginn et 18.000 Aarten an ënner Form vu Lënsen, Bounen, Kicherierbessen, Soja ... bilde se e Grondliewensmëttel fir vill Kulturen.


Leguminose sinn e ganz wichtegen Deel an der vegetarescher oder veganer Ernärung wéinst dem Eewäiss. Wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer hu se a wéi ee positiven Impakt hu se op eis Gesondheet?


"Si ginn och Légumes secs genannt an enthalen ënner konzentréierter Form op 100 g: 20-25 g Eewäiss, a sinn doduerch déi bescht planzlech Eewäissquell.

Derzou enthalen se 60 Prozent Kuelenhydrater, ganz wéineg Fett, 1-2Prozent,

an zeechnen sech och duerch en héije Gehalt un Magnesium, Eisen, Vitaminn B1 aus.

Duerch déi komplex Zesummesetzung an en héije Gehalt vun 11 Prozent, Ballaststoffer maache se séier sat, hëllefen den Cholesterolspigel erofsetzen an den Zockerspigel am Blutt ze moduléieren. Esou weisen rezent Etuden dass méi en héijen Konsum vun Leguminosen, a parallel derzou méi en niddregem Konsum vun Fleesch, e gudden Impakt op Virbeugung vun Iwwergewiicht, Häerzkreeslaferkrankungen an Diabetes huet",


seet d' Dieteticienne Lis Muller.


Dir kritt Rotschléi fir Leguminsoen op eng flott Aart a Weis an eisen Teller ze bréngen an esou e bessert Gläichgewiicht vun planzlechem Eewäiss an eiser Ernärung ze erreechen, wat och eiser Ëmwelt zegutt kënnt.


Tipp vum Lis Muller fir doheem ze maachen:


Humus:


Op Basis vun Käicher: Zitrounejus, Sesamkären oder nach méi einfach fäerdeg Sesamecrème, och Tahin genannt, mat kal Waasser, mixen, duerno 1 Bécks Kicherierbessen ofgeschott derbäi mixen an zum Schluss Olivenueleg, drënner mëschen. Ofschmaachen mat Peffer, wéineg Salz an Koriander oder Péiterséileg drënner mëschen.


Mayonnaise ouni Eeër:


Op Basis vu wäissen Bounen. Hei ginn gekachten wäiss Bounen mat Raps oder Olivenueleg , Moschtert, mat Gewierzer ofschmaachen a mixen, bis dat ganzt eng Konsistenz vun enger Mayonnaise huet.


Références:



Delorme, H. (2014) "Le répertoire des aliments et des saveurs" Flammarion

https://www.fao.org/pulses-2016/resources/fao-publications/fr/ (2016)

Mouquet-Rivier, V. & Amiot, M.-J. (2020) "Les légumineuses dans nos assiettes: que nous dit la science? Nutriments et composés bioactifs"

Unies, N. (février 2023). Journée internationale des légumineuses 10 février


Episoden

A pear a day keeps the doctor away? | © Bgistock / 1hamdan

A pear a day keeps the doctor away?

D'Bier ass séiss, duuss a sensibel, mee wéi wierkt se op eist Wuelbefannen?
headphones

10 min

play_arrow
Porte ouverte an der Hotelschoul | © Norn

Porte ouverte an der Hotelschoul

Karriären a Perspektiven an der Hotelschoul zu Dikrech a Wickreng
headphones

13 min

play_arrow
LU-Alert an d'Alertes alimentaires

LU-Alert an d'Alertes alimentaires

D'ALVA, déi Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung publizéiert hir Alerten zanter 2024 och iwwer de nationalen Alertë-System LU-ALERT.
headphones

12 min

play_arrow
Gesond Iessen a gesond Zänn | © Bigstock / wowow

Gesond Iessen a gesond Zänn

Den Impakt vun eisem Iessverhalen op eis Zänn- a Mondgesondheet
headphones

10 min

play_arrow
(Ouschter)-Eeër si räich un Nährstoffer. Mee wéi vill si gesond? | © Bigstock

(Ouschter)-Eeër si räich un Nährstoffer. Mee wéi vill si gesond?

Eng gutt Moos haalen ass gutt fir eis, an d’Ëmwelt. Schéin Ouschteren!
headphones

9 min

play_arrow
De Besoin un Närstoffer am Verglach

De Besoin un Närstoffer am Verglach

Bei Fra a Mann ass d’Kierperzesummesetzung ënnerschiddlech an dat wierkt sech och op de Basisstoffwiessel aus.
headphones

13 min

play_arrow
Genug Obst und Gemüse - im Westen nichts Neues? | © Bitgstock / Fotokris

Genug Obst und Gemüse - im Westen nichts Neues?

Genug Obst und Gemüse essen - dies haben wir alle schon gehört. Trotzdem halten sich nur wenige daran. Woran dies liegt, und warum diese nicht neue Empfehlung trotzdem wichtig ist, hören Sie in diesem Beitrag.
headphones

16 min

play_arrow
Nutri-Score, Zockersteier a Co. | © DG-Studio/Bigstock

Nutri-Score, Zockersteier a Co.

Wéi Labelen eis Ernärung a Gesondheet steieren.
headphones

14 min

play_arrow
Hype ëm HiPro-Produkter: wat ass drun?

Hype ëm HiPro-Produkter: wat ass drun?

HiPro-Produkter sinn iwwerall ze fannen, awer dacks deier an net onbedéngt néideg.
headphones

9 min

play_arrow
Lokal Geméis an Uebst selwer fermentéieren, fir eis eege Gesondheet an déi vum Planeit ze verbesseren | © Bigstock / Svehlik

Lokal Geméis an Uebst selwer fermentéieren, fir eis eege Gesondheet an déi vum Planeit ze verbesseren

Fermentatioun- eng ural Konservéierungsmethod déi sech zu engem Trend fir d’Zukunft entwéckelt
headphones

12 min

play_arrow
Animal Health Law / Loi Santé Animale

Animal Health Law / Loi Santé Animale

Déierekrankheeten: Aktuell Situatioun national an international
headphones

15 min

play_arrow
D‘Kraaft vun der Meditatioun

D‘Kraaft vun der Meditatioun

Wat ass den Impakt vu reegelméissegem Meditéieren op eis Gesondheet a Wuelbefannen?
headphones

18 min

play_arrow
Zockeralternativen: Gesond Alternativen oder just en Hype? | © Bigstock

Zockeralternativen: Gesond Alternativen oder just en Hype?

Zockeralternative wéi Hunneg, Agavendicksaft a Bierkenzocker hunn hir Vir- an Nodeeler. Och wa se méi gesond wierken, hu se dacks ähnlech vill Kalorien, wäit Transportweeër oder aner Nodeeler.
headphones

9 min

play_arrow
Nohalteg, gesond an individuell: Trends an der Ernärung 2025 | © Bigstock / Alessandro Biascioli

Nohalteg, gesond an individuell: Trends an der Ernärung 2025

200 Experten aus Wëssenschaft a Praxis hunn am Hierscht 2024 d’Entweckung am Beräich Ernärung vun eisen däitschen Nopere fachlech analiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Ultra-verarbeitete Lebensmitte- warum meiden ?

Ultra-verarbeitete Lebensmitte- warum meiden ?

Natürlich sind sie in aller Munde: Ultra-verarbeitete Lebensmittel. Diese durchlaufen viele Produktionsprozesse und enthalten viele Zusatzstoffe. Studien zeigen dass ein hoher Konsum die Gesundheit schädigen kann. Warum ?
headphones

10 min

play_arrow
Ernärung, Daarmflora a Gesondheet – Wou läit den Zesummenhang?

Ernärung, Daarmflora a Gesondheet – Wou läit den Zesummenhang?

Den Daarmmikrobiom, ass e komplexen Ökosystem deen aus 100.000 Milliarde Mikroorganisme besteet, an eng zentral Roll fir eis Gesondheet spillt. Wéi awer beaflosst d'Ernärung d'Zesummesetzung an d'Funktioun vum Mikrobiom?
headphones

14 min

play_arrow
Iesstraditioun am Nepal: Erausfuerderungen a Verännerungen | © Bigstock / PhotoIndia

Iesstraditioun am Nepal: Erausfuerderungen a Verännerungen

Dal Bhat ass hiren nationale Plat, wat eng ideal Balance vu Kuelenhydrater, Proteinnen a Mikronärstoffer bitt.
headphones

9 min

play_arrow
Comfort food, Alimentation réconfortante

Comfort food, Alimentation réconfortante

Iessen, fir sech wuelzefillen - Mindfull eating
headphones

11 min

play_arrow
Aktuell Ernärungstrends

Aktuell Ernärungstrends

Mir diskutéieren iwwer de Stellewäert vun den aktuellen Ernärungstrends bei jonke Mënschen.
headphones

15 min

play_arrow
Eng Kalorie ass net gläich eng Kalorie

Eng Kalorie ass net gläich eng Kalorie

De Fokus soll op enger bewosster Auswiel vu Liewensmëttel leien, well all Kierper eenzegaarteg op Kalorië reagéiert.
headphones

10 min

play_arrow