Radioen

On air

E-Lodie  |  Whettman Chelmets - A New Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Rock a Pop maachen dës Kéier Plaz fir de Blues, dorënner eng etlech Live-Nummeren, bei deenen net onbedéngt op d'Auer gekuckt gëtt!

De Blues-Pionéier John Mayall streckt esou säi Klassiker "Room To Move" aus dem Joer 1969 an enger méi rezenter Opnam op eng eelef Minutten a weist dobäi, wat een aus der Mondharmonika alles eraushuele kann. De Gittarist a senger Band The Bluesbreakers ass de Walter Trout.

"Winter" ass e manner gespillte rouegen Track um Rolling Stones-Album "Goats Head Soup" (1973). Hei hat de Mick Taylor deemools d'Plaz vum Keith Richards ageholl fir d'Gittaraarbecht. Den Taylor huet dëst Stéck 1990 nach emol zu Hollywood mat der kalifornescher Musekerin a Sängerin Carlo Olson um Live "Too Hot For Snakes" opgeholl, dat och an enger däitlech méi laanger Versioun wéi bei de Stones.

Den New Yorker Gittarist a Sänger Joe Bonamassa, Joergang 1973, huet zanter Ufank den 2000er net manner wéi 18 Live-Placken op de Maart bruecht, woubäi hien de Blues a ville Formen deklinéiert - en Topkënschtler, deen ë. a. och duerch seng Zesummenaarbecht mat der Beth Hart bekannt gouf.

D'Playlist:


B.B. & The Bluesshacks - Businessman (Businessmen, 2014)
Gregg Allman - Rendezvous With The Blues (Searching For Simplicity, 1997)
Kenny Wayne Shepherd - Blue On Black (Trouble Is ..., 1997)
Johnny Winter - Mother-In-Law Blues (Raisin' Cain, 1980)
Joe Bonamassa - Cadillac Assembly Line (Live At The Greek Theatre, 2016)
Joe Bonamassa - Shake For Me (Muddy Wolf At Red Rocks, 2014)
Joe Bonamassa - Let The Good Times Roll (Live At The Greek Theatre, 2016)
Carla Olson & Mick Taylor - Winter (live) (Too Hot For Snakes, 1991)
John Mayall - Room To Move (live) (The Power Of The Blues, 1990)
Ronnie Earl & Duke Robillard - West Side Shuffle (The Duke Metts The Earl, 2005)


Musek

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow