Radioen

On air

9 bis 1  |  Richard Swift - Lady Luck

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Mat hirem zweeten Album "It's My Life" an dem Tophit "Such A Shame" huet déi brittesch Band Talk Talk am Februar 1984 eng gekonnte Mëschung aus Synthie-Pop an New Wave proposéiert, am Mëttelpunkt stoung dobäi de Kapp vun der Formatioun Mark Hollis (+25.02.2019).

De fréiere Radio Luxembourg 208-DJ David 'Kid' Jensen hat Talk Talk ufanks den 80er an enger Emissioun bei BBC 1 virgestallt, dorops hi gouf et Kontakt zum Top-Produzent Jimmy Miller (ë. a. Rolling Stones, Traffic, Spooky Tooth, Motörhead, ...). Domadder war den Ufank gemaach, en éischten Album koum 1982 eraus.

Talk Talk huet an den zéng Joer, an deene si aktiv waren, gläich e puermol d'Plackefirma gewiesselt, Releasë vun hinne fënnt een bei EMI, Parlophone, Polydor a Verve. 1991 war Schluss mam Album "Laughing Stock".

D'Playlist:


Status Quo - Roadhouse Blues (Piledriver, 1972)
Golden Earring - Back Home (Golden Earring, 1970)
Led Zeppelin - D'ye'r Maker (Houses Of The Holy, 1973)
Graham Parker - Stick To Me (Stick To Me, 1977)
Talk Talk - Such A Shame (live) (Live At Montreux, 1986 /erauskomm 2008)
Talk Talk - It's My Life (live) (Live At Montreux, 1986 / erauskomm 2008)
Paul Weller - The Soul Searchers (True Meanings, 2018)
Rickie Lee Jones - Chuck E.'s In Love (Rickie Lee Jones, 1978)
Robben Ford - Everything I Do Got To Be Funky (Bring It Back Home, 2013)
Popa Chubby - Gloria (live) (Live At FIP, 2003)
Mr. Bloe - Groovin With Mr. Bloe (Single, 1970)

Episoden

Special Marianne Faithfull

Mat Live-Opnamen erënnere mir an dëser Stonn un d’Marianne Faithfull. Déi englesch Musekerin an Actrice ass den 30. Januar am Alter vun 78 Joer gestuerwen.
headphones

60 min

play_arrow

Nick Cave an David Bowie live

Am Juni 2000 war den David Bowie Gaascht vun der BBC an där hirem Music Theatre zu London an am Abrëll ginn et 25 Joer, datt den Nick Cave a seng Band The Bad Seeds den Album “The Good Son” publizéiert hunn.
headphones

60 min

play_arrow

The New Barbarians Live

Hannert dësem Bandnumm verstoppt sech e Side Project vum Rolling Stones-Duo Ron Wood / Keith Richards.
headphones

60 min

play_arrow

Down Macon, Georgia

De Sound vun der legendärer southern rock-Formatioun The Allman Brothers Band ass den Owend omnipresent.
headphones

60 min

play_arrow

Carla Olson a Mick Taylor live

Am Repertoire vum Duo Carla Olson / Mick Taylor ginn et eng Hellewull Erënnerungen un de Sound an un d’Kompositioune vun de Rolling Stones ...
headphones

60 min

play_arrow

Cactus live

Haarde Rock mat engem Schotz Boogie oder Blues - dat war d’Rezept vun der US-amerikanescher Band Cactus, déi aus fréiere Membere vu Vanilla Fudge entstanen ass.
headphones

60 min

play_arrow

Let’s go live!

Mam Eric ‘Slowhand’ Clapton, mat der argentinesch-texanescher Kombinatioun LA Mississippi / Billy F. Gibbons (a ZZ TOP-Repertoire!) a mat Kult aus Australien, dem Angus & Co an hirem éischte Live-Album
headphones

60 min

play_arrow

Zeréck am Ring!

Déi eng hunn no 16 Joer Paus erëm en Album erausbruecht deen - düster a voller Weltschmäerz - iwwerzeegt, déi aner versti sech erëm no munch Divergenzen a ginn op eng direkt ausverkaaften Tour: The Cure an Oasis.
headphones

60 min

play_arrow

Ian Hunter and Calvin Russell live

Mott The Hoople war ufanks de 70er Joren d’Formatioun vum Ian Hunter (Joergang 1939). Support koum deemools vum David Bowie ...
headphones

60 min

play_arrow

Catfish live

Mat Catfish ronderëm de Bandgrënner Bob Hodge kënnt an dëser Al Schanken-Stonn eng net esou bekannte Band an den Asaz.
headphones

61 min

play_arrow

Paul Rodgers live

De Mann aus Middlesbrough zielt zu de grousse Stëmmen am Rockbusiness … a steet bis haut op ausverkaafte Bünen an am Studio: säi bis ewell leschten Album “Midnight Rose” koum am September 2023 eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Et geet ëm d‘Lidd

It’s all about the song: op Allerhellege geet et an der Haaptsaach ëm d’Lidd ... an dofir stinn dann och Nimm aus dem Genre Singer/Songwriter op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

It’s only rock’n’roll…

…but I like it: de Songtitel aus dem Rolling Stones Album mam selwechten Numm aus dem Oktober 1974 kéint duerchaus och de Motto vun hirer Karriär sinn.
headphones

60 min

play_arrow

Bob Dylan – live & revisited

Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen.
headphones

60 min

play_arrow

Calexico live

“Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow