Als Geschichtenerzieler vun éischtem Rang wieft de kanadesche Lidderschreiwer Andy Shauf op senger sechster Studioplack "Norm" een décke Plot, deen engem Horrorfilm oder enger Netflix-Mystery-Serie würdeg ass. Postmodern Erzielkonscht tëschent Paul Auster, David Lynch a Real-Crime Documentary gëtt verpak a musikalesche Miwwel aus de 70s, fluffeg a waarm. Den Effekt ass um Enn dee vun engem psychologeschen Avantgarde-Thriller, dee schockéiert, a gelunge wonnerbar, seet de Marc Clement.
arrow_back_ios
Album vun der Woch
Eng Geschicht iwwer falsch Verstoe vun der Léift
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Stilübung mat Message
Klassesche Country mat onkonventionellen Texter proposéieren d'Julien Baker an TORRES op hirer neier Plack "Send A Prayer My Way".
Bon Iver - SABLE, fABLE
6 laang Joer hunn sech d’Fans vum amerikaneschen Indiemuseker Bon Iver missen op en neien Disk gedëllegen, mee mat “SABLE, fABLE” mellt sech Bon Iver elo zeréck.
Marlon Williams - Te Whare Tīwekaweka
Nodeems hien seng Karriär fir d’éischt op Englesch ugefaangen hat, gouf et fir den neiséilännesche Museker ëmmer méi evident, dass hie wéilt a senger Mammesprooch Maori sangen.
Japanese Breakfast - For Melancholy Brunettes (& Sad Women)
Japanese Breakfast mellen sech mat hirem véierten Album “For Melancholy Brunettes (& Sad Women) zeréck. Een eklekteschen Disk op deem d’Melancholie als séissen Zockergoss opgedroe gëtt.
Courting - Lust for Life, Or: 'How to Thread the Needle and Come Out the Other Side to Tell the Story'
Eng perfekt gebitzte Spaass-Plack
Lady Gaga - Mayhem
D'"Mama Monster" geet erëm zeréck an hir Vergaangenheet a bei hir Pop-Wuerzelen, ouni awer eng reng Kopie vun hirem fréiere Personnage ze sinn. En Album, deen an de Medie vill beschwat a gefeiert gëtt, an dat zu Recht.
Divorce - Drive to Goldenhammer
E groussaartegen Debutalbum vun dëser brittescher Band, déi Indie Rock mat Folk, Country an experimentellen Aflëss verbënnt.
Saya Gray - SAYA
Op hirem zweeten Album “Saya” liwwert déi japanesch-kanadesch Musekerin Saya Gray Art-Pop an d’Péng vun engem gebrachenen Häerz.
Tocotronic - Golden Years
Op hirem 14. Album vermëttelen déi däitsch Indie-Rock-Legenden Trouscht an Hoffnung an düsteren Zäiten.
Mereba - The Breeze Grew a Fire
Wann Nostalgie op eemol Loscht op d’Zukunft mécht.
Sharon Van Etten and The Attachment Theory
No zwee Joerzéngten als Solo-Kënschtlerin presentéiert sech d‘Sharon Van Etten op hirem neien Album "Sharon Van Etten & The Attachment Theory“ mat Band.

Eddie Chacon - Lay Low
Mat sengem drëtte Soloalbum “Lay Low” presentéiert den amerikanesche Museker Eddie Chacon e ganz minimalistesche Soul Disk iwwer de Verloscht an d’Hoffnung.
FKA Twigs – EUSEXUA
Mat richtegem Numm Tahliah Debrett Barnett, mellt sech déi brittesch Kënschtlerin no enger fënnef Joer Paus zeréck. An dat mat engem Club-Record, an dem d'Grenze vun elektronescher Musek aus getest an och gesprengt ginn.
The Weather Station - Humanhood
Eng Rees duerch watteg Klanglandschaften an deene Baussen- a Bannewelten matenee verschmëlzen
Franz Ferdinand - The Human Fear
D'Band ronderëm den Alex Kapranos bitt hei nees de gewinnten Humor a flott Refrainen.
MJ Lenderman - Manning Fireworks
Op “Manning Fireworks” presentéiert den MJ Lenderman Indierock mat Country-Afloss an absurde Lyrics tëschent Witz an Trauregkeet. Een Highlight vun 2024

White Denim - 12
Ee groussaartege Flickenteppech

Autumn Sweater - Adult Life
Op “Adult Life” presentéiert déi Lëtzebuerger Formatioun Autumn Sweater poppegen Indierock iwwer d’ErwuessesinN.

Homer - Ensatina
Als Batteur huet den Homer Steinweiss de Retro Soul-Sound vun Adele an Charles Bradley mat gepräägt. Op sengem Debutalbum "Ensatina“ weist hie sech vu senger ganz perséinlecher Säit.
