Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

De Lemmy Kilmister ass an éischter Linn als Frontman vu Motörhead an d'Rockgeschicht agaangen. Och erënnert ee sech u seng Space Rock-Period bei Hawkwind. Den 2015 verstuerwenen Englänner hat awer nach e weidere Nieweprojet, "The Head Cat': am Trio gouf hei eng Mëschung aus alem Rock'n'Roll a Rockabilly gespillt, mat him an der Band waren de Gittarist Danny B. Harvey an den ex-Stray Cats-Drummer Slim Jim Phantom.

D'Band gouf 1999 gegrënt, en éischte Studio-Album koum 2006 eraus - hei si virun allem grouss Nimm aus de fofzeger a sechzeger Jore gecovered ginn, wéi Elvis Presley, Carl Perkins, Chuck Berry, Johnny Cash, .... Zu Lemmy-Zäiten si 4 Albummen op de Maart komm, no sengem Doud ass d'Formatioun weider aktiv bliwwen, esou gouf et e.a. 2022 de "Live At Viejas Casino'.

Am Bild an am Toun kann een den Trio erliewen mat "Rockin' The Cat Club - Live From The Sunset Strip', e Wierk dat 2006 zu Hollywood opgezeechent gouf an erréicht méi spéit erauskomm ass.

D'Playlist vun haut:


Motörhead - Jumpin' Jack Flash (Bastard, 1993)
Deep Purple - Highway Star (Machine Head, 1972)
Black Sabbath - Paranoid (Paranoid, 1970)
Guess Who - American Woman (American Woman, 1970)
Jake La Botz - Hungry Again (Sing This To Yourself, 2008)
Lucky Peterson - Who's Been Talkin' (I'm Ready, 1992)
The Head Cat - Bad Boy (Rockin' The Cat Club, 2018)
The Head Cat - Back In The USA (Rockin' The Cat Club, 2018)
The Head Cat - Bye Bye Johnny (Rockin' The Cat Club, 2018)
The Cure - A Forest (Seventeen Seconds, 1980)
Martha & the Muffins - Echo Beach (Metro Music, 1980)
Joy Division - Love Will Tear Us Apart (single, 1980)
David Bowie - Survive (Hours, 1999)
Everlast - What It's Like (Whitey Ford Sings The Blues, 1998)


Musek

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow