Muer, 8. Mäerz, ass nees Weltfraendag. Trotz ville Fortschrëtter ass d'Gläichberechtegung vun de Geschlechter nach keng Realitéit. Wéinst intersektioneller Diskriminéierung ass et fir verschidde Frae souguer nach e ganz wäite Wee bis dohin.
D'Antónia Ganeto, Spriecherin vu Finkapé a Member vun der Mënscherechtskommissioun, mat e puer Gedanken zum Schutz vun de Fraen