Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Blues Traveler ass e Quintett aus New Jersey, dat 1990 vum John Popper gegrënnt gouf. De Popper, Joergang 1967, ass en exzellente Mondharmonikaspiller an hien bréngt dann och d'Blueskomponenten an de Repertoire eran, dee mat engem gudde Schotz Rock vermëscht ass.

Speziell an de 90er Joren war d'Band doheem an och baussent den USA ganz populär a war reegelméisseg op Festivallen z'erliewen, den erfollegräichsten Album war "Four' (1994), deen sech eng 5 Millioune Mol verkaf huet. Den duebele Live vun der uschléissender Tour mam Titel "Live From The Fall' ass 1996 erauskomm an den Owend bei eis am Asaz.

Blues Traveler ronderëm den John Popper besteet nach ëmmer, hire rezenten Album 'Traveler's Blues' proposéiert spannend Cover-Versiounen, e.a. vun den Doors ("Roadhouse Blues'), J.J. Cale ("Call Me The Breeze'), Big Mama Thornton ("Ball And Chain), ... D'Band geet dësen Abrëll och op eng USA-Tour.

D'Playlist vun haut:


Gregg Allman - Statesboro Blues (live) (Back To Macon, 2015)
Jefferson Airplane - Good Shepherd (Volunteers, 1969)
It's A Beautiful Day - Girl With No Eyes (It's A Beautiful Day, 1969)
The Doors - I Looked At You (The Doors, 1967)
Beth Hart - Stairway To Heaven (A Tribute To Led Zeppelin, 2022)
Joni Mitchell - Song For Sharon (Hejira, 1976)
Blues Traveler - One Hundred Years (live) (Live From The Fall, 1996)
Blues Traveler - But Anyway (live) (Live From The Fall, 1996)
Cornershop - Highly Amplified (England Is A Garden, 2020)
Super Furry Animals - Ohio Heat (Love Kraft, 2005)
The Growlers - Monotonia (single, 2017)
The Beatles - You Won't See Me (Rubber Soul, 1965)

Musek

Episoden

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow