Eisen Daarm-Mikrobiot besteet aus 100.000 Milliarde Bakteerien, dat sinn der zéng Mol méi wéi mir Kierperzellen hunn. An den leschte Joerzéngten ass intensiv un dësem verstoppten Organ gefuerscht ginn, dat esou e wichtegen Afloss op eise Gesondheetszoustand huet. Haut kritt Dir e puer rezent Erkenntnisser erkläert a virun allem, wéi kann eis Ernärung positiv d'Zesummesetzung vum Daarm-Mikrobiot beaflossen. Mat der Dieticienne Lis Muller hiren Tippen:
Vill Ballaststoffer ënner Form vun Vollkarprodukter, Geméis an Uebst iessen
All Dag e fermentéiert Mëllechprodukt wielen, sief dat Jughurt, Brach oder Bottermëllech, oder réit Sauerkraut
Zweemol d'Woch Leguminosen op den Menü setzen
Fir e gudde Start an den Dag: ganz einfach wäisse Jughurt mat gerapptem Apel, Vollkarhuewerflacken an décken Nëss vermëschen