Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Brioche-Ouschterhuesen
3 min
Dauer: 30 min Virbereedung an zwou Stonne goe loossen
Fir ronn 6 Brioche-Huese brauche mir:
150 ml wotlech Mëllech (z. B. Soja Mëllech)
Ee Pak dréchen Hief (ca. 7 g)
300 g Weess Miel (Typ 55 oder Typ 45)
40 ml Oliven- oder Hieselnëss- oder Déck-Noss (Walnuss)-Ueleg
80 g Zocker (wäissen oder brongen Zocker)
2 Kaffisläffel Vanill Extrakt
1 Kaffisläffel Salz
Schuel vun enger hallwer Orange
E bësse vegan Mëllech fir ze pinselen (z. B. Soja Mëllech)
Fir d'Dekoratioun brauche mir:
Ronn 40 g donkele Schockela
Ronn 10 Zocker-Cuben
80 ml Waasser
80 ml brongen Zocker
Virbereedung:
D'dréchen Hief mat der wotlecher Mëllech vermëschen, a fir e puer Minutte stoe loossen
An enger grousser Schossel den Deeg, den Zocker, de Salz, de Vanill Extrakt, d'Orangëschuel, den Ueleg vermëschen
De Mëllech-Hief-Mix dobäi ginn, a fir ronn 10 Minutten entweder per Hand oder mam Mixer mëschen
Den Deeg an eng Bull formen an dann an der Schossel ënnert engem fiichten Duch op enger waarmer Plaz goe loossen, fir ronn 2 Stonnen (minimum 1 Stonn)
D'Deeg Bull an 8 Deeler opdeelen
Aus all eenzel Deel eng grouss Bulle formen (dat gëtt de Kierpere vun den Huesen)
Aus 2 vun de Bullen jeeweils 3 kleng Bulle formen
Des 3 Bullen an d'Hallschent schneiden, an als Ouere formen
Op ee Bakblech mat Bakpabeier d'Huese formen
D'Huese nach eemol ënnert engem Kichenduch bedeckt goe loossen fir ronn 30 Minutten (bis den Deeg sech verdoppelt)
No den 30 Minutten vegan Mëllech op d'Huese pinselen.
Bei 170 Grad Celsius fir ronn 14 Minutte baken, bis d'Huese gëlle uewendrop sinn
Wärend dem Baken d'Dekoratioun virbereeden, de brongen Zocker an d'Waasser an engem Dëppen opkachen, bis et ee Sirop gëtt
De Sirop op d'Huese frësch aus dem Uewe pinselen
D'Zocker Cuben a kleng Stécker schloen, an déi op d'Oueren vun den Huese streeën
De Schockela am Bain-marie schmëlze loossen
Mat engem Zahnstocher mat ëmmer e bësse Schockela de Mond an d'Aen op den ofgekillten Brioche-Huesen formen
D'Brioche-Huesen am beschte waarm oder wotlech zervéieren